Verkéiersproblemer am Raum Stengefort/Klengbetten

De Fred Keup a Jeff Engelen foren d’Regierung, wéi si d’Verkéiersproblemer am Raum Stengefort/Klengbetten léise wëll.

Fro:

Wéi op ganz ville Plazen am Land huet sech och an der Gemeng Stengefort d’Verkéierssituatioun an de leschte Joren zougespëtzt. Op der Areler Autobunn an op der Areler Strooss ass oft am Dag Stau, wat dozou féiert, dass och d’Niewestroossen als Schläichweeër benotzt ginn an esou mat engem enorme Verkéiersopkomme konfrontéiert sinn. Grad esou stellt sech och d’Fro vum Verkéier bei der Zuchbarrière zu Klengbetten, wou grad moies an owes laang Waardezäiten op d’Autofuerer waarden.

An deem Kontext géife mir gär puer Froen un d’Regierung riichten:

  • Wéi gesäit d’Regierung d’Entwécklung vun der Verkéierssituatioun am Raum Stengefort?
  • Gëtt et vu Säite vun der Regierung Iddien, respektiv Projeten, fir d’Verkéiersproblemer am Raum Stengefort unzegoen an ze verbesseren?
  • Wéi steet d’Regierung zu enger eventueller Ëmgehungsstrooss oder engem Ausbau op 2×3 Spuere vun der Areler Autobunn?
  • Wéi eng Zukunft gesäit d’Regierung aktuell fir d’Zuchbarrière zu Klengbetten?
  • Am Joer 2017 hat den Här Minister ugekënnegt, d’Schinnen op der Streck Klengbetten-Stengefort ofzebauen. Dëst ass allerdéngs bis haut net geschitt. Gesäit d’Regierung eventuell awer eng Méiglechkeet, dës Streck ze retten an erëm opzemaache fir den Zuchverkéier?

Äntwert:

Wéi gesäit d’Regierung d’Entwécklung vun der Verkéierssituatioun am Raum Stengefort?
Gëtt et vu Säite vun der Regierung Iddien, respektiv Projeten, fir d’Verkéiersproblemer am Raum Stengefort unzegoen an ze verbesseren?

Virop verweisen ech op de “Plan national de Mobilité PNM2035“, deen ech am Joer 2022 virgestallt hunn an dee beschreift wéi d‘Mobilitéit an Zukunft muss organiséiert ginn fir dem natierlechem Wuesstem an der domadder verbonnener Steigerung vun den alldeeglechen Verkéiers-Beweegungen Rechnung ze droen.
D’Organisatioun vun der Mobilitéit am Raum Stengefort, gëtt am PNM2035 ënnert dem Korridor A6/CFL50, den Arel mat der Stad Lëtzebuerg verbënnt, erkläert.
An dësem spezifesche Korridor ass zum Beispill geplangt, eng dediéiert Fuerbunn op der A6 fir d‘Bussen an de Covoiturage virzegesinn.
Donieft schafft d‘Stroossebauverwaltung un engem Projet fir d’Uertsduerchfaart vu Stengefort ze optimiséieren an d’Bussen am Rondel Wandhaff ze prioriséieren (woubäi d‘Machbarkeet ewell duerch meng Servicer duergeluecht gouf). An dëser Machbarkeetetude gouf virgeschloen, de Rondel Wandhaff duerch eng Kräizung mat Luuchtenanlag, déi d’Busse prioriséiert, ze ersetzen. Allgemeng ass an dëser Etude virgesinn den Verkéier méi flësseg fir d’Bussen ze maachen andeems verschidde Kräizunge mat roude Luuchten equipéiert ginn.

Wéi steet d’Regierung zu enger eventueller Ëmgehungsstrooss oder engem Ausbau op 2×3 Spuere vun der Areler Autobunn?

D‘Stroossebauverwaltung hat an deene leschte Joren eng Verbindungsstrooss zu Stengefort tëschent dem CR106 an der Nationalstrooss N6 studéiert. Dës Etude gëtt awer net weidergefouert, well de Projet vu der Verbindungsstrooss net mat den Objektiver vum PNM2035 vereenbar ass. Donieft ass awer och ze betounen, datt ëstlech laanscht Stengefort am “Plan directeur sectoriel paysages (PSP)” eng “Coupure verte“ virgesinn ass, esou datt eng Ëmgeeungsstrooss hei och nëmme ganz schwéier ëmsetzbar wier.
Op der Areler Autobunn A6 gëtt d’Pannespuer esou ausgebaut, dass se a spezielle Fäll och als Spuer ka genotzt ginn.

Wéi eng Zukunft gesäit d’Regierung aktuell fir d’Zuchbarrière zu Klengbetten?

Déi national Eisebunnsgesellschaft CFL huet d’Machbarkeet studéiert fir d’Zuchbarriär PN85 zu Klengbetten zouzemaachen. Aus dëser Etude huet sech erwisen datt d’Zuchbarriär just mat Hëllef vun enger Ëmgeeungsstrooss ka suppriméiert ginn. D’Etude gouf uschléissend der Stroossebauverwaltung präsentéiert.
Aktuell leeft dann och ee gemeinsame Projet tëscht der CFL an der Stroossebauverwaltung fir d’Barriär PN85 zu Klengbetten zouzemaachen mëttels enger Iwwerféierung vun de Schinnen ëstlech vun der Gare. Ee Virprojet deen dës Iddie reflektéiert, gëtt am Moment ausgeschafft.
Am Joer 2017 hat den Minister ugekënnegt, d’Schinnen op der Streck Klengbetten-Stengefort ofzebauen. Dëst ass allerdéngs bis haut net geschitt. Gesäit d’Regierung eventuell awer eng Méiglechkeet, dës Streck ze retten an erëm opzemaachen fir den Zuchverkéier?
Well déi al Zuchstreck Klengbetten – Stengefort net méi fir den Zuchtrafic gebraucht gëtt, ass virgesinn op der Plattform vum Gleis eng Vëlospist ze amenagéieren.
Fir den fréieren Verlaf vun der Sekundärbunn Prince Henri, änlech ewéi dëst schonns nërdlech vu Stengefort bis op Rammerech de Fall ass, fir de Vëlo kënnen ze notzen, ass aktuell eng Etude am Lafe fir eng nei national Vëlospiste um Tronçon tëschent Stengefort an Hoen/Klengbetten ze analyséieren.
Well de Beräich vum fréiere Schinnenënnerbau awer vun engem ökologesche Standpunkt hir een héchst sensibele Beräich ass, lafe parallel dozou och Ëmweltetuden.

 

Deel dëse Post: