Verfassungsreform: 180-Grad-Kéier vun der CSV

D’CSV huet endlech agesinn, datt de Bierger bei senger Verfassung, dem wichtegste Gesetz, wat d’Land huet, och e Wuert matzeschwätzen huet. D’Partei huet sech op d’ADR-Fuerderung alignéiert, fir dës Verfassungsreform ze maachen. Dat heescht, datt eenzel Punkten oder Kapitele vun der Reform, déi ëmstridde sinn, dem Bierger sollen an engem Referendum eenzel virgeluecht ginn. D’Resultat vun dësem Referendum soll dann an den neie Verfassungstext afléissen, esou wéi dat mam Referendum vun 2015 geschitt ass.

D’ADR ass frou, datt d’CSV sech elo och fir deen demokrateschste Wee entscheed huet an datt d’Vollek bei der Verfassungsreform e wichtegt Wuert matzeschwätze kritt. D’Verfassung garantéiert d’Stabilitéit vun den Institutiounen a schützt de Bierger viru staatlecher Willkür. Eng Reform heivu kann net am klenge Komitee gemaach ginn. Dat hu mir och an engem Kommunikee un d’Press matgedeelt.

Deel dëse Post: