
Dënschdeg, 24. August 2021
Verbuet vu Reserveantibiotika iwwert d’Käpp vun de Spezialisten ewech
2022 soll op EU-Niveau e Gesetz a Kraaft trieden, wat de Gebrauch vu Reserveantibiotika komplett bei allen Déierenaarten, also net just bei de Notzdéieren, verbidde soll – eng onsënneg an iwwerdeems geféierlech Mesure, déi villen Déieren d’Liewe kaschte wäert. Leider gëtt d’Diskussioun ëm de Gebrauch vu Reserveantibiotika bei den Déieren iwwert d’Käpp vun de Spezialisten ewech gefouert. A wéi positionéiert sech eis Regierung dozou? Mat enger parlamentarescher Fro wëll den ADR-Nord-Deputéierten Drock op Gambia maachen, fir endlech de Leit um Terrain, déi schliisslech wëssen, vu wat se schwätzen, nozelauschteren.
Kalenner
Videokonferenz Kommitee Sektioun Beetebuerg
Link gett per Email un de Kommitee geschéckt
alles ukucken