Verbuet vu geschlechtsspezifeschen Ofdreiwungen

De Fernand Kartheiser freet d’Regierung, ob geschlechtsspezifesch Ofdreiwungen net och eng Form vu Sexismus duerstellen.

Fro:

Säitdeem et méiglech ass, d’Geschlecht vun engem Kand, z. B. duerch Ultraschall-Ënnersichung, virun der Gebuert ze bestëmmen, gëtt a ville Länner op der Welt e staarken Iwwerhang u registréierte Gebuerte vu Jonge géintiwwer Meedercher festgestallt, dee just duerch eng geziilt Ofdreiwung vu weibleche Föten erkläerbar ass. Wéi een op Wikipedia noliese kann, sinn dobäi d’Äerdregioune Südasien, Ostasien an Zentralasien ganz besonnesch betraff. Dës Tendenz, sou heescht et am betreffende Wikipedia-Artikel, ass souguer, wann och an ofgeschwächter Form, a westleche Länner, déi eng staark Immigratioun vu Mënschen aus dem asiatesche Raum kennen, festzestellen. An enger Pressematdeelung vum Europarot aus dem Joer 2014 heescht et zu deem Thema:

“Das selektive Abtreiben weiblicher Föten ist in China und Indien ein bekanntes Phänomen. Aber auch in einigen Gebieten Europas ist es verbreitet. Diese zutiefst diskriminierende Praxis ist eine Folge der Benachteiligung von Frauen in der Gesellschaft. Dies muss energisch bekämpft und gesetzlich verboten werden.”  (Quell: https://rm.coe.int/168071d280)

D’UN-Generalversammlung hat schonns 1997 eng Resolutioun gestëmmt, an där all Staaten nodrécklech opgefuerdert ginn, Gesetzer ze maachen, déi Meedercher virun all Form vu Gewalt schützen (Resolutioun 51/76 vun der UN-Generalversammlung: Resolution on the girl child, A/RES/51/76 vum 20. Februar 1997). An där Resolutioun heescht et:

 “Also urges all States to enact and enforce legislation protecting girls from all forms of violence, including female infanticide and prenatal sex selection, female genital mutilation, incest, sexual abuse, sexual exploitation, child prostitution and child pornography, and to develop ageappropriate safe and confidential programmes and medical, social and psychological support services to assist girls who are subjected to violence;”

D’Verbuet vu geschlechtsselektiven Ofdreiwunge gehéiert zum Gewunnheetsrecht vu ville Staaten.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamme Minister:

  • Gesäit d’Regierung geschlechtsspezifesch Ofdreiwungen als Form vu Sexismus un? Wa jo: Gouf dës Form vu Sexismus an déi aktuell Anti-Sexismus-Campagne vum Chancëgläichheetsministère mat opgeholl? Wann nee: Firwat gëtt dës Form vu Sexismus an der mentionéierter Campagne net thematiséiert?
  • Wéi huet Lëtzebuerg bei der Resolutioun 51/76 vun der UN-Generalversammlung: Resolution on the girl child, A/RES/51/76 vum 20. Februar 1997 gestëmmt?
  • Um Sitt vun „Just Arrived” kann een noliesen (Stand: 1. Januar 2022), datt déi asiatesch Communautéit zu Lëtzebuerg 19.066 Persounen, d.h. 3 % vun der Gesamtbevëlkerung ëmfaasst. Geet d’Regierung dervun aus, datt et am Hibléck op déi déif verwuerzelt Preferenz vu männlechem Nowuess a villen asiatesche Länner och eng Rei vu geschlechtsspezifeschen Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg kéint ginn? Wa jo: Ass dru geduecht, fir, am Aklang mat der mentionéierter UN-Resolutioun, e Verbuet vu geschlechtsspezifeschen Ofdreiwungen gesetzlech ze verankeren?

 

Äntwert:

Déi aktuell Campagne vum Ministère fir Egalitéit tëschent Fraen a Männer iwwert d’Thema Sexismus ass an Zesummenaarbecht mam Europarot ausgeschafft ginn, an orientéiert sech a senger Ausriichtung un den Themen, déi vun dëser Campagne ugeschnidden ginn.1 An dëser Campagne geet et drëms generell iwwert de Sexismus an eiser Gesellschaft opzeklären. Deen an der Ufro opgeworfene Sujet vun geschlechtsspezifeschen Ofdreiwungen gëtt weder an der Campagne vum Europarot, nach an der Campagne vum Gläichstellungsministère abordéiert. Ofstëmmungen iwwert Resolutioune vun der UN-Generalvollversammlung sinn ëffentlech zougänglech.2 D’Resolutioun „The Girl Child“ gëtt all Joer op e Neits präsentéiert. Traditionell gëtt des net-verbindlech Resolutioun ouni Vott, also per Konsens, adoptéiert. Sou och 1997.

¹ https://human-rights-channel.coe.int/stop-sexism-en.html
² https://research.un.org/en/docs/ga/quick/regular/77

 

Deel dëse Post: