Verbesserungspotential beim Lëtzebuerger Museksunterrecht

Eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung ass wichteg – dat gëllt och fir de Museksunterrecht. E jonke Mensch, dee sech entscheet huet, en Instrument ze léieren, muss och beschtméiglechst betreit ginn. Leider héiert een den Ament dacks, datt Museksenseignanten sech iwwerfuerdert fillen, sief et duerch en ze héije Contingent u Schüler, sief et, datt se sech, domat verbonnen, net déi néideg Zéit huele kënnen, fir e Museksschüler richteg an d’Instrument anzeféieren. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser geet mat enger parlamentarescher Fro den Ursaache vun der onglécklecher Entwécklung op de Fong.

D’Äntwert vum Xavier Bettel schwätzt fir sech: Dem Kulturminister no ass am Lëtzebuerger Musekenseignement alles super. Eng Approche, déi der Realitéit wuel kaum gerecht gëtt.

 

Deel dëse Post: