Verantwortungsvollt Handele bei Schoul a Schoultransport verlaangt!

Mir stelle fest: D’Zuele vun de positive Fäll sinn déi lescht Deeg staark an d’Luucht gaangen. D’Regierung huet staark Aschränkungen ugekënnegt.

Trotzdeem sinn an der Schoul keng Ännerunge virgesinn. De Minister huet gesot, datt de Stufeplang sech „bewäert“ hätt.

Mir fuerderen de Minister op:

  • éierlech an transparent Zuelen iwwert d‘Schoulen ze kommunizéieren;
  • ze préiwen, ob a wéi wäit, Homeschooling méiglech ass;
  • ze préiwen, ob eng Andeelung an A- a B-Gruppen nees aktuell ass;
  • kloer Reegelen ze definéieren, wéi an de Klasse soll gelëft ginn;
  • dofir ze suergen, datt mobil Raumluftreiniger agesat ginn; wou punktuellt Lëften net méiglech ass.

D’ADR verlaangt ganz dréngend, datt de Schoulminister zesumme mat allen zoustännegen Instanzen handelt, ganz besonnesch wat den iwwerfëllte Schülertransport ugeet. Hie muss Léisunge presentéieren, fir de Schülertransport sécher ze maachen an d’sanitär Konditiounen ze verbesseren.

Pressematdeelung vum 26. Oktober 2020

Deel dëse Post: