Vakanz ass Vakanz, och fir d’Buschaufferen aus der Stad!

D’ADR-Sektioun Stad deelt d’Suerge vun de Buschauffere vum AVL-Service a verlaangt, datt de Schäfferot hir Doléancen, besonnesch wat d’Akkumulatioun vu fräien Deeg an d’Stonnen, déi se hannert dem Steier sëtzen, eescht hëlt. Dëst ass och eng Fro vun der Sécherheet! Doriwwer eraus mussen anstänneg Aarbechtskonditioune gëlle fir all Chauffer, deen an der Stad op engem Bus fiert, ob fir den AVL oder fir e private Patron, deen eng Concessioun vun der Stad huet.

An engem Communiqué hält de Landesverband fest, datt am AVL méi wéi 12 000 Congésdeeg opstinn, oder ronn 32 Deeg pro Chauffer. Fir d’ADR ass dëst net nëmmen e Manktem u Verantwortung vum Patron Stad vis-à-vis vun dëse Chaufferen; et ass och e Verstouss géint d’Aarbechtsrecht. Doriwwer eraus kommen nach d’Auswierkungen op d’Gesondheet vun de Chaufferen derbäi, wat e Sécherheetsrisiko duerstellt.

Dëse Risiko besteet och, wann d’Chaufferen ze vill laang hannert hirem Steier sëtzen. D’ADR kann sech nëmmen driwwer wonneren, datt, wann e Chauffer bei enger rouder Luucht oder am Stau steet, dëst net als Fuerzäit ugerechent gëtt! Hei mussen de Code de la Route, besonnesch d’Bestëmmungen iwwert d’Fuerzäiten, genee agehale ginn.

Datt d’Stad et net fäerdegbréngt fir de Chaufferen Toiletten op den Endstatiounen zur Verfügung ze stellen, ass ganz einfach eng Schan! Hei muss direkt Remedur geschafe ginn.

Wisou ginn net méi Chaufferen (et sollen der op d’mannst 30 feelen) agestallt? D’ADR-Sektioun Stad huet hei de Verdacht, datt de Schäfferot schonns elo de Betrib virbereet op eng Zäit, wou et vill manner Buslinnen an der Stad soll ginn, z.B. no enger Reorganisatioun, déi duerch d’Ewechfale vun der Busgare um Hamilius noutwenneg gëtt.

D’ADR huet kee Problem mat enger gesonder Mëschung op de Buslinnen tëschent AVL a private Patronen. Et mussen awer progressiv ähnlech Konditioune fir all Chauffere agefouert ginn! D’ADR ass och der Meenung, datt – ob privat oder ëffentlech – d’Ufuerderungen un d’Chauffere mussen op engem héijen Niveau sinn, dëst niewent dem Fachwëssen iwwert d’Fueren, och wat d’Frëndlechkeet, d’Sproochekenntnisser an d’Kenntnisser vun de Strecken an der Stad ugeet.

D’Sécherheet an de Service um Client mussen iewescht Prioritéit hunn: fir dëst ze garantéieren, musse fir all Chauffer anstänneg Aarbechtskonditioune gëllen.

Deel dëse Post: