Zënter dem 1. Oktober 2017 gëtt et op der Universitéit Lëtzebuerg kee Léierstull méi fir Lëtzebuerger Geschicht. Eng Decisioun, déi een negativen Impakt op d’Fuerschung iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht kéint hunn. Ass eis national Geschicht op eemol onwichteg ginn?