Vakant Aarbechtsplaze bei der ADEM

Enn Mäerz 2021 waren offiziell 18.689 Leit hei am Land am Chômage (résidents). De Chômage-Taux (corrigé des variations saisonnières) läit elo offiziell bei 6,1 Prozent. Dat ass eng Steigerung vun 1,6 % am Verglach mat Mäerz 2020. Trotz dëser net gerénger Zuel u Chômeure liest een am neiste Bulletin vun der ADEM, datt d’Gesamtzuel vun de vakanten Aarbechtsplazen, déi bei der ADEM gemellt ginn, Enn Mäerz op 8.194 geklommen ass. Dat sinn der 10,9 % méi wéi am gläichen Zäitraum vum Virjoer. Firwat kënne sou vill fräi Aarbechtsplazen hei am Land net besat ginn?

Deel dëse Post: