Mir befannen eis grad am Wandlung vun enger unipolarer hin zu enger multipolarer Welt. D’Follge vum deem Wandel si momentan nach net virauszegesinn, betount de Fred Keup. Den ADR-Fraktiounspräsident ass awer der Meenung, dass Lëtzebuerg seng laangwiereg Frëndschaft zu den USA héichhale sollt an dass déi Bezéiunge weider gutt wäerte bleiwen.