D‘Gemeinsam Agrarpolitik

Fir d’ADR ass d’Produktioun (an der néideger Quantitéit) vu Liewens-mëttelen, déi gesond sinn and eng exzellent Qualitéit hunn, eng Prioritéit fir all national, europäesch an international Politik. Liewensmëttelen däerfen net wéi aner Produiten ugesi ginn.

D’Baueren, d’Déierenziichter an d’Wënzer solle vun hire Produkter kënne liewen, an de Konsument soll zu engem faire Präis Produkter, déi enger kontrolléierter Qualitéit ënnerleien, kënne kafen.

D’ADR verlaangt, datt déi national Regierung d’Interessie vun de Lëtzebuerger Baueren a Wënzer verdeedegt. De Regime vun de „benodeelegte landwirtschaftleche Gebidder“ muss fir d’ganzt Land bäibehale ginn, falls néideg andeems en Ënnerscheed gemaach gëtt tëscht de Qualitéite vun de landwirtschaftleche Flächen.

D’ADR verlaangt, datt an Europa d‘OGMe verbuede ginn, a fuerdert d’Regierung op, dëse Verbuet um internationalen Niveau ze ënnerstëtzen.

Fir déi nohalteg Entwécklung an Europa handelen

D’ADR ass iwwerzeegt, datt d’EU kann eng wichteg Roll spillen an der nohalteger Entwécklung an am Klimaschutz. Si rifft awer déi europäesch Institutiounen op, den Equiliber tëscht nohalteger Entwécklung a wirtschaftlechem Wuesstem ze respektéieren.