Uni Lëtzebuerg: Eng adequat Orientéierungspolitik amplaz enger horrender Erhéijung vun den Aschreiwungskäschten !

 D’ADRenalin fuerdert d’Uni Lëtzebuerg op, déi ugekënnegt Verduebelung vun den Aschreiwungskäschten nees réckgängeg ze maachen. D’Autonomie, déi där Institutioun per Gesetz zousteet, däerf net mëssbraucht gi fir de Studenten ëmmer méi déif an d‘Täsch ze gräifen. Falls déi reell Ursaach fir dës Mesure den héijen Taux vun Ofbriecher an deenen éischte Semester ass, däerfen déi jonk Leit op kee Fall fir eng Orientéierungspolitik, déi einfach net gräift, bestrooft ginn. D’ADRenalin rifft an Erënnerung, datt Bildung kee Privileg, mä e Recht ass, datt d’Aschreiwungskäschten eréischt virun zwee Joer verduebelt goufen an datt d’Uni Lëtzebuerg nach méi un Attraktivitéit verléiert.

D’ADRenalin hëlt mat Bestierzung zur Kenntnis, datt vun der nächster Rentrée un d’Studenten, déi op der Uni Lëtzebuerg am éischten an zweete Semester vun engem Bachelor-Programm ageschriwwe sinn, net méi 400, mä 800 Euro d‘Joer musse bezuelen. D’Autonomie, déi där Institutioun per Gesetz zousteet, muss vum Prinzip hir positiv bewäert ginn, mä däerf net dozou féieren, datt jonk Leit aus reng finanzielle Grënn den Héichschoulstudien de Réck dréinen.

Dës Mesure ass ëmsou méi verwonnerlech, datt d’Aschreiwungskäschte scho virun zwee Joer verduebelt goufen. Deemools waren all d’Studente betraff. Dozou kënnt nach d’Erhéijung vum Tarif, deen d’Studente vun der Uni Lëtzebuerg fir den ëffentlechen Transport bezuelen. Zënter dem 1. Januar beleeft en sech net méi op 50, mä op 75 Euro d’Joer.

Et stellt sech och d’Fro vun de Grënn fir dës massiv Erhéijung. Vun offizieller Säit heescht et, déi zousätzlech Recettë wieren néideg fir d’Studenten am Kader vum obligatoreschen Auslandsemester finanziell z’ënnerstëtzen, a ganz besonnesch déijéineg, déi keng Erasmus-Bourse kréien. Falls et sech ëm déi reell Ursaach handelt, verlaangt d’ADRenalin, datt d’Uni Lëtzebuerg souwuel d‘Zuel vun de betraffene Studenten, wéi och d’Grënn fir d’Refuse bekannt gëtt.

Mä firwat misst een ausgerechent am 1. an am 2. Semester méi bezuele wéi an deenen aneren? D’ADRenalin fäert, datt et u sech drëms geet am éischte Joer eng gewësse Selektivitéit anzeféieren. Datt vill ze vill Studenten no e puer Méint oder souguer Wochen de Studium ofbriechen an datt dës Situatioun fir d’Uni Lëtzebuerg e groussen administrativen Opwand bedeit, ass bekannt. Mä dëst läit virun allem dorunner, datt d’Orientéierungspolitik hei am Land ze wënschen iwwreg léist.

Fir d’ADRenalin däerf Bildung kee Privileg ginn, mä muss weiderhin zu de Grondrechter gehéieren. Dofir mussen d’Aschreiwungskäschte vun der Uni Lëtzebuerg op engem raisonnablen Niveau bleiwen. Vun der Regierung erwaart sech d’ADRenalin konkret Mesuren, fir datt d’Schüler besser informéiert an orientéiert ginn a fir datt se doduercher esou wäit wéi méiglech falsch Entscheedungen, wat hir akademesch Carrière ugeet, evitéieren.

Deel dëse Post: