Ungarn: hat de Jean Asselborn e Mandat vun der Regierung?

An engem Interview an der Zeitung „Die Welt“ hat de Lëtzebuerger Bausseminister Jean Asselborn gefuerdert, Ungarn soll zäitweileg oder fir ëmmer aus der Europäescher Unioun ausgeschloss ginn. Dës Fuerderung huet zu ville Reaktioune gefouert, dovunner ganz negativer vun der Ungarescher Regierung. Och Bausseminister a Regierungsmembere vun anere Memberstaaten hunn sech géint dës Fuerderung gestallt.

An enger dréngender parlamentarescher Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser gëtt de Premierminister domadder konfrontéiert, op en d’Meenung deelt, datt Ungarn soll zäitweileg oder fir ëmmer aus der Europäescher Unioun ausgeschloss ginn, op op de Bausseminister – dee jo awer Lëtzebuerg representéiert – e Mandat vum Regierungsrot hat, fir esou Aussoen ze maachen.

Soll dat net de Fall sinn, wéi eng perséinlech Konsequenze muss den Här Ausseminister droen, wann e mat „perséinlechen“ Aussoen der Lëtzebuerger Diplomatie schued?

D’Drénglechkeet vun der Fro ass unerkannt ginn. D’Äntwert vum Premier Minister ass… ganz diplomatesch, an ewéi esou oft ass net op déi konkret Froe geäntwert ginn, z.B. op d’Fro vum Mandat vum Ausseminister a vun de Konsequenze fir de Jean Asselborn.

Photo: SIP

Deel dëse Post: