Ungarn aus der EU… oder Asselborn aus der Regierung?

D’ADR ass verwonnert a bedauert déi rezent Aussoe vum Lëtzebuerger Bausseminister Jean Asselborn, deen Ungarn wëllt aus der Europäeschen Unioun ausschléissen. Esou Aussoe si ganz speziell am Kontext vum Brexit kontraproduktiv. Mat sengem ondiplomateschem Stil baut den Här Asselborn weider Tensiounen op, anstatt Rou an d’Unioun eran ze bréngen. Wien wierklech drun interesséiert ass, der Europäescher Unioun eng Zukunft ze ginn, dee muss déi national Interessie an d’Souveränitéit vun alle Memberstaaten respektéieren an d’Sensibilitéit vun hiren Awunner verstoen, och wann ee selwer eng aner Meenung huet.

D’ADR erënnert drun, datt de Lëtzebuerger Bausseminister, während der Presidence vum Conseil vun der EU, mat sengen Decisiounen duerzou bäigedroen huet, d’Grief am Dossier vun der Migratiounskris weider ze verdéiwen. Am Abléck ass Lëtzebuerg nach dat eenzegt Land, dat probéiert déi politesch Decisioune vun der Relocalisatioun („relocation an resettlement“) ëmzesetzen. All déi aner Länner, inklusiv Däitschland, hunn dës Decisiounen entweder ni ëmgesat oder sinn dobäi se opzeginn.

Et sief hei och drun erënnert, datt Lëtzebuerg ënnert der CSV-LSAP Regierung mam Här Asselborn als Vizepremier, d’Pressefräiheet ageschränkt huet, ënner anerem géint d’Oppositioun vum Conseil de Presse (Gesetzprojet 6127, Gesetzespropositioun 6586).

Schafft de Lëtzebuerger Bausseminister mat zwou Moossen a Gewiichter, oder ass en esou konsequent, fir no senger Attack géint Ungarn zumindest och d’Verhandlunge mat der Tierkei, wou d’Demokratie wierklech a Gefor ass a wou d’Standarde vun Europa bei wäitem net agehale ginn, direkt ofzebriechen?

D’Aussoe vum Här Asselborn weisen eigentlech nëmmen, wéi isoléiert hien ass, besonnesch an der Fro vun der massiver Immigratioun an Europa. Säi Wonsch, Ungarn aus der Europäescher Unioun auszeschléissen, schued net nëmmen der Unioun, mee och de bilaterale Bezéiungen tëschent Lëtzebuerg an anere Memberstaaten déi dem Lëtzebuerger Bausseminister seng Aussoen net deelen.
D’ADR stellt d’Fro: deelt d’Lëtzebuerger Regierung dem Bausseminister seng Meenung, a wa jo, wäert d’Lëtzebuerger Regierung konkret Schrëtt ënnerhuelen, fir Ungarn aus der Unioun eraus ze geheien?

Am Interessie vum Land schéngt et der ADR, et wär méi wichteg den Här Asselborn aus der Regierung auszeschléissen, wéi Ungarn d’Memberschaft an der Europäescher Unioun ze verwieren.

Pressematdeelung vum 13. September 2016

Deel dëse Post: