Undenken un de Camille Gira

Gëschter Owend koum déi traureg Noriicht, datt de Staatssekretär Camille Gira onerwaart vun eis gaangen ass. Déi Leit, déi säi Malaise materlieft hunn, ware schockéiert a wäerten déi Momenter sécher nach laang mat sech droen. D’Land ass betraff a bedauert de Verloscht vun engem engagéierte Politiker, dee virun allem den ekologeschen Domän vun der politescher Landschaft gepräägt huet. Et war dëst Engagement, dat hien net dervun ofgehalen huet, trotz gesondheetleche Problemer, säi Gesetzesprojet virun der Chamber ze verdeedegen. Hien ass vill ze fréi erausgerappt ginn aus dem Liewen, deem Liewen, dat hien als Mënsch, Sportler a begeeschterten Ëmweltpolitiker sou gären hat.

De Camille Gira stoung a séngem politesche Liewe als Buergermeeschter, Deputéierten a Mëmber vun der Regierung fir seng Iwwerzeegunge riicht. Déi, déi hie kannt hunn, konnte sech ëmmer vu senger Opriichtegkeet a Kompetenz iwwerzeegen.

Et ass gutt, datt d’Politik elo rout. Den Doud vum Camille Gira setzt villes an eng aner Perspektiv.

D‘ADR dréckt dem Camille Gira senger Famill a sénge Frënn hirt  déifste Matgefill aus. Mir wënsche virun allem senger Fra a senge Kanner déi néideg Kraaft an de Courage, fir duerch dës schwéier Zäit ze goen.

Deel dëse Post: