Ukrain-Krich: CSV, Gambia a Pirate wëlle just nach Eskalatioun!

Frieden schaffen ohne Waffen” war de Slogan vun de Gréngen. Dësen hu si leider vergiess a sech zu echte Krichsdreiwer entwéckelt. An dobäi huet d’ADR natierlech vun Ufank un de russeschen Ugrëff kloer an däitlech verurteelt – en inakzeptabele Vëlkerrechtsbroch. Mee duerch déi geféierlech Krichsdreiwer-Politik riskéiert de Krich nach méi brutal ze ginn, de Misär nach méi laang ze daueren an d’Leit an der Ukrain musse leiden. D’CSV an d’Regierungsparteien hunn all Aemooss verluer an d’Sécherheetssituatioun an der Ukrain, an Europa an an der Welt riskéiert ze eskaléieren. En Atomkrich ass net méi ausgeschloss. Vun diplomatesche Léisungen wëllen d’Regierung, d’CSV an och d’Pirate näischt méi wëssen. Si selwer géife sécherlech net d’Uniform undinn an hiert Liewe riskéieren an trotzdeem bleift hire Kredo: Méi Waffe, méi Konfrontatioun, méi Eskalatioun! D’Rieden, déi den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser an deem Kontext de 17. Mee an der Chamber gehalen huet, sinn e waarmen Appell un d’Vernonft – eleng, si stoussen an der Chamber op daf Oueren!

 

Deel dëse Post: