Ukrain: Ënnerstëtzung bis wouhin?

Krich ass Krich an d’Ziler kënne wiesselen. Iwwert d’Wochen ass d’ukrainesch Féierung awer relativ konsequent doran, als Krichszil d’Verdreiwung vun de russeschen Truppen aus alle besate Gebidder (och der 2014 annektéierter Krim) ze nennen. Duerfir freet de Fernand Kartheiser, bis wouhin d’Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir d’Ukrain féiert, wa sech en endlose Krich mat onzielegen Affer ofzeechent.

Fro

Zënter der Annexioun vun der Krim 2014 hunn déi politesch Verantwortlech an der Ukrain ëmmer nees hire Wëllen ënnerstrach, dës Regioun nees an d’Ukrain ze integréieren. Fir d’lescht huet den ukrainesche President dat a senger Videobotschaft vum 13. Juni 2022 gemaach, verbonne mat der Fuerderung no méi Waffeliwwerunge vum Westen. Allerdéngs huet hie selwer de 24. Mee zu Davos gesot, datt dat nëmmen duerch schwéier militäresch Verloschter kéint erreecht ginn.

Am Laf vun der Zäit héiert een och ëmmer nees anescht formuléiert Krichsziler vun ukrainescher Säit.

Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, déi d’Ukrain politesch an diplomatesch ënnerstëtzen an hir och Waffe liwweren.

Duerfir wëll ech dës Fro un den Här Bausseminister stellen:

  1. Wéi eng ukrainesch Krichsziler gi genee vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt? Ass et z.B. „d‘Zréckdränge vun de russeschen Truppen op Positioune vu virum 24. Februar“ oder d‘“Verdreiwe vun alle russeschen Truppen vun all Stéck vum ukraineschen Territoire“ oder nach en anert Krichszil?
  2. Ënnerstëtzt déi Lëtzebuerger Regierung eng militäresch Zeréckeruewerung vun der Krim duerch d’Ukrain? Wa jo, wéi eng Risike gesäit si bei esou enger Politik?

Äntwert

Äntwert vum Här Aussen-an Europaminister, Jean Asselborn, op d’parlamentaresch Ufro 6384 vum

  1. Juni 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Fernand Kartheiser

  

  1. Wéi eng ukrainesch Krichziler gi genee vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt? Ass et z.B. „d’Zréckdränge vun de russeschen Truppen op d’Positioune vu virum 24.Februar“ oder d’”Verdreiwe vun alle russeschen Truppen vun all Stéck vum ukraineschen Territoire” oder nach en anert Krichzil?

An der Ukrain stinn sech zwou Krichsparteien géigeniwwer: den Agressorstaat Russland, an d’Ukrain. Lëtzebuerg ass net eng Krichspartei an dësem Konflikt: also keng „partie au conflit“ am Sënn vum internationalem Recht. Deemno ënnerstëtzt Lëtzebuerg och keng spezifesch Krichziler. Laut UN-Charta, an wéi och an der Resolutioun ES-11/1 festgehaal, déi den 2. Mäerz 2022 vun der UNO-Vollversammlung  ugeholl  gouf,  huet  d’Ukrain  Recht  op  Selbstverdeedegung. Déi selwecht Resolutioun fuerdert Russland dozou op, sech direkt a komplett aus dem Territoire vun der Ukrain, an sengen international unerkannte Grenzen, zréckzezéien.

  1. Ënnerstëtzt déi Lëtzebuerger Regierung eng militäresch Zeréckeruewerung vun der Krim duerch d’Ukrain? Wa jo, wéi eng Risike gesäit si bei sou enger Politik?

 Zesumme mat 140 anere Memberen vun der UNO-Vollversammlung huet Lëtzebuerg d’Resolutioun ES-11/1 gestëmmt, déi Russland dozou opfuerdert d‘territorial Integritéit vun der Ukrain ze respektéieren an sech direkt, komplett an bedéngungslos aus dem Territoire vun der Ukrain, an sengen international unerkannten Grenzen, zeréckzezéien.

 

 

Deel dëse Post: