Uerg Iwwerschwemmungen: Affer schonn all entschiedegt?

Mëtt Juli ass Lëtzebuerg jo vun uergen Iwwerschwemmunge getraff ginn, dobäi ass et zu ganz héijem Materialschued komm. Der nationaler Assurancenassociatioun ACA no, handelt et sech dobäi em déi deierst Naturkatastroph déi mir jee zu Lëtzebuerg haten. Vill Wunnenge sinn esou staark beschiedegt ginn datt d’Leit hu missen enzwousch anescht ënner Daach kommen. Sinn d’Affer schonn alleguerten adequat ënnerstetzt ginn?  

Deel dëse Post: