[BEÄNTWERT] TVA des livres électroniques

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un d’Madame Kulturministesch weiderzeleeden.

Déi Europäesch Kommissioun soll, esou soen et Artikelen an der Press, zur Zäit Drock op Lëtzebuerg maachen, fir datt d’TVA op elektronesch Bicher vun 3% op iwwer 19% gehéicht gëtt. Et ass souguer vun engem “Ultimatum” vun engem Mount Rieds.

Dowéinst wéilt ech dës Froen un déi zoustänneg Ministere riichten:

  1. Ass et richteg, datt déi Europäesch Kommssioun gär hätt, datt Lëtzebuerg seng TVA op elektronesch Bicher vun 3 op iwwer 19 Prozent héicht?
  2. Falls jo, ass et richteg, datt dat ënnert dem Afloss vu Staate geschitt, déi der Meenung sinnn, datt déi niddreg TVA e Standuertvirdeel fir Lëtzebuerg wär an, wa jo, ëm wéi eng Staaten handelt et sech?
  3. Wéi sinn déi aktuell Regelen an der EU, déi d’TVA op Bicher an net-elektronescher an an elektronescher Form betreffen?
  4. Wéi gëtt dobäi der Tatsaach entsprach, datt d’Buch ee vun de wichtegsten, wann net souguer de wichtegste Kulturdréier ass?
  5. Wéi ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung am Dossier vun der TVA op elektronesch Bicher? Wéi schätzt si déi rechtlech Argumenter vun der Europäescher Kommssioun fir eng Erhéijung vun der TVA an?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse de la Ministre de la Culture et du Ministre des Finances à question N°2369 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant TVA des livres électroniques

Deel dëse Post: