Tripartite

Vill vun de Moossname vun der Tripartite droen eng kloer ADR-Handschrëft:

niddreg Energiepräisser, Entlaaschtung fir d’Bierger an Ënnerstëtzung fir eis Betriber a Landwirtschaft.

Mee mir dierfen net vergiessen: Dat Ganzt kascht ronn 450 Milliounen Euro – a bezuele wäerten et um Enn d’Leit selwer.

Mir ënnerstëtzen, wat konkret hëlleft.

Mee mir fuerderen och: laangfristeg Léisungen, eng gerecht Pensioun an eng staark Mëttelschicht.

Kuerzfristeg Entlaaschtung eleng geet net duer.

Lëtzebuerg brauch eng nohalteg Politik.

Kuckt a lautschtert hei dem Fred Keup seng ganz Ried:

Deel dëse Post: