Tripartite – e gemëschte Bilan

D’ADR begréisst, datt d’Tripartite, an där aktuell schwiereger Situatioun, e provisoreschen Accord fonnt huet, deen den Index-System am Prinzip preservéiert a gläichzäiteg de Stéit an den Entreprisen hëlleft. Ausdrécklech begréisst d’ADR och, datt de Geescht vun der Tripartite déi Kéier besser respektéiert gouf an datt a Rou an am Konsens geschafft gouf, fir an engem Geescht vu Solidaritéit de soziale Fridden an eis ekonomesch Interessien ze erhalen.

D’Resultat vun der Tripartite huet awer och Schwächten. Fir d’ADR wär et onbedéngt néideg, datt de Reformstau, dee mir am Land hunn, endlech ugepaakt gëtt an datt an enger Kris d’Ursaache bekämpft ginn an net nëmmen un de Symptomer gepléischtert gëtt. D’ADR hält och drop, datt de Scholdenniveau op kee Fall däerf iwwer 30% vum PIB klammen, an ass iwwer déi Entwécklung déif besuergt, déi de Staatsbudget hëlt. Ëmmer manner Recetten, och duerch regierungsverschëlten Abréch am Tanktourismus, stinn ëmmer méi Depensë géintiwwer. An deenen elo bal 10 Joer Gambia-Regierung gouf liichtsënneg mat den ëffentleche Gelder verfuer.

D’ADR verlaangt, datt strukturell Reformen am Interessi vun den Entreprisë gemaach ginn. Si sollen et hinnen erlaben an engem haarde konkurrenziellen Ëmfeld mat Erfolleg ze bestoen. Net nëmme punktuell Hëllefe sinn hei gefrot, mee eng volontaristesch pro-kleng a mëttel Betriber  an Industriepolitik!

Wann och elo de Leit bei den Energiepräisser gehollef gëtt, da bleift hir Belaaschtung awer trotzdeem nach ze héich. Déi vun der Regierung mat decidéiert Sanktiounspolitik géintiwwer dem wichtegste Gasliwwerant fir Europa ass offensichtlech kontraproduktiv. En Enn vun där Politik wär dowéinst dee beschte Wee fir d’Inflatioun ze bekämpfen ouni missen op Präismanipulatiounen a Wettbewerbsverzerrungen zeréckzegräifen. Dauerhaft muss eng zouverlässeg, suffizient an ekonomesch Versuergung mat Energie garantéiert ginn.

D’ADR freet elo prioritär e substantielle Rabatt bei de Spritpräisser, d’Ofschafung vun der CO2-Steier, d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun, d’Steierfräiheet fir de Mindestloun an déi kleng Pensiounen.      

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: