Tribune libre vum Joe Thein: d’Studenteboursen

Léif Nolauschterer, léif Studenten,

De Gesetzesprojet 6670 vun der Regierung, ass e béisaartege Projet géint de Student.

Do, wou een op kee Fall spuere soll, dat ass bei der Bildung. Ma genau dat geschitt awer elo, well do wou d’CSV scho ganz onkathoulesch mat de Staatsfinanzen ëmgaangen ass, do fiert Gambia elo weider, an dir als Studenten, dir musst fir dës Staatsverschëldung op är Studentesuë verzichten. Dobäi kéint eng méi seriö Politik, de Staatsbudget nees an d’Rei bréngen, an dat ouni bei de Studenten ze klauen. Di Häre Politiker mëssbrauchen awer ganz gären d’Steiersue fir sou eppes wéi en Tram, oder well Lëtzebuerg Europa mat rette muss. Domat net genuch, elo muss Lëtzebuerg och nach all de Frontalieren dës Bourse bezuelen, an dat geet op d’Rechnung vun enger opgezwongener EU-Direktiv déi den EU-Geriichtshaff gesprach huet. Am Artikel 165 vum Traité iwwert d’Fonctionnement vun der EU, si mir als Memberstat awer souverän a selwer responsabel iwwert de Contenu an d’Organisatioun vun eisem Schoulsystem. Wisou leet d’Regierung net also konsequent hire Veto an?

Mä zeréck zur Bourse déi Iech betrëfft:

Dir hat nom fréiere Modell eng fix Bourse vun 6.500 €, an eng méiglech Bourse op e Prêt vun nach emol 6.500 €. Dir kritt dës fix Bourse, up-to-date, awer elo un dräi Critère gebonnen, regroupéiert an eng Basisbourse vun 2000 €, eng Mobilitéitsbourse vun 2000 €, an eng Sozialbourse bis zu 3000 €. Am schlechadre Fall, profitéier Dir vu villäicht just nach 2.000 €. Dir musst quasi an d’Ausland studéiere goen a schlecht Familljeverhältnisser hunn, fir integral vun där Bourse ze profitéieren, déi gerechterweis, Jiddereen am ale System guttgeheescht krut.

An der Iddi vum Revoluzzerprojet gëtt et och eng falsch sozial a widderspréchlech Selektivitéit. Sou kritt e Student vu Waasserbëlleg deen zu Tréier studéiert, seng Mobilitéitsbourse ganz, ma de Student aus dem Éislek deen op d’Uni Lëtzebuerg geet, guer net. Allen Zwee, mussen se awer hiren Trajet oder hire Loyer bezuelen. En anert Beispill gëtt et bei der Sozialbourse: Hei gëtt just d’Pai vun den Eltere gekuckt, net awer hier méiglech privat Verschëldung, d’Relatioun vum Student mat sengen Eltren, an et ginn och just dann e puer Kröte vu 500 € méi, wann een aus engem intellektuelle Stot kënnt, wou och nach e Brudder oder eng Schwëster studéiert. Och de remboursable Prêt, deen eng Verschëldung virprogramméiert, ass alles anescht ewéi interessant fir e flott Studium an e Liewen dono.

D’ADR ass decidéiert géint d’Kierzung vun de Studiebäihëllefen a géint e radikale Changement vum Studentekonzept. Fir d’Autonomie, d’Fairness an d’Chancen op eng gutt Bildung fir de Lëtzebuerger Student ze garantéieren, muss dat Experiment un der Bildungspolitik endlech ophalen – et si schonns genuch Sacrifice mat der sozialistescher Delvaux-Reform akzeptéiert ginn – ergo setzt dir d’Kiicht nach op de Kuch, wann är gambistesch Reform den Déifstal un de Studentesuë méiglech mécht. Dat ass net richteg, dat ass net fair.

De Studenadrreik hat och d’ADRenalin op d‘Plaz mobiliséiert, fir d’Interessen an d’Ambitioune vun der Schülerschaft ze verdeedegen. Eis Positioun ass et, dem Student Sécherheet ze ginn, e fit fir d’Uni ze maachen, a seng Tugendhaftegkeet z’ënnerstëtzen. De Benefice um Enn, dat si Fläiss, Leeschtung, Kompetenz a reell Chancen, déi wichteg sinn an enger globaliséierter Welt mat vill, a staarker Konkurrenz, aus dem Ausland. Här Minister, et gëtt e grousse Wëlle géint de Projet, an d’Demokratie ass net just periodesch emol just wiele goen, mä vill méi d’Matsproocherecht vum Bierger. Waneschgelift akzeptéiert de Neen, a stoppt dës Reform! 

Bäitrag vum Vize-President vun der ADRenalin Joe Thein, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg, den 2. Juni 2014

Deel dëse Post: