Tribune Libre op RTL: De Michel Lemaire kuckt mat Suerg an d’Zukunft

Den ADR-Jugend-President Michel Lemaire war den 12. Juni op eng Tribune Libre vun der Regierung invitéiert, déi vum RTL an vum 100,7 ausgestraalt gëtt. A senger kuerzer Interventioun kuckt hie mat Suerg an eng fir déi Jonk ongewëss Zukunft: Eng steigend Verscholdung, d’Devaloriséiere vun der Lëtzebuerger Sprooch, onbezuelbar Wunnengspräisser an déi vill negative Konsequenze vun engem onkontrolléierte Wuesstem: All dëst sinn Entwécklungen, déi onweigerlech op déi zukünfteg Generatiounen duerkommen, wa mer net haut domat ufänken, eng aner Politik, eng besser Politik ze maachen. Dëst ass an den Ae vum Adrenalin-President nëmme mat der ADR méiglech. D’ADR steet fir eng verantwortungsvoll Politik, déi sech em dat laangfristegt Wuel vum Land a senge Bierger këmmert. Et läit an der Verantwortung vun der Politik, deene kommende Generatiounen déi selwecht Liewensqualitéit ze erméiglechen, déi mir an de leschte Joerzéngten hei erliewe duerften. Eng Liewensqualitéit, déi duerch déi onglécklech Politik, déi den Ament zu Lëtzebuerg gemaach gëtt, ëmmer méi onstabil gëtt. Et ass Zäit fir e Wiessel, Zäit fir d’ADR!

Lauschtert hei d’Tribune libre vum ADR-Jugend-President Michel Lemaire

 

Deel dëse Post: