Tribune Libre: De Crashadr-Dummy fiert eist Land mat 180 à l’heure an d’Mauer!

Éierlech ze sinn ass an der Politik net ëmmer einfach. D’Leit gleewen ebe léiwer engem berouegende Message ewéi der Wourecht. Een, dee schlecht Noriichten iwwerbréngt, huet et net eréischt säit dem Hiob schwéier…

Mä mir als ADR hunn eis nun eemol virgeholl näischt ze beschéinegen an de Wieler – Iech léif Nolauschterer – d’Wouerecht ze soen.

An d’Wouerecht ass: eist Land fiert mat 180 Kilometer an der Stonn op eng Mauer duer!

De Chauffeur huet en Numm, mä dozou méi spéit.

Déi Mauer huet vill Nimm.

Et ass eng Rentemauer, wou déi, déi haut abezuelen, net sécher sinn och iergendwann eppes erauszekréien.

Et ass eng Aarbechtslosemauer, mat elo schonns iwwert 22 000 Aarbechtsloser hei am Land!

Et ass eng Bildungsmauer, wou dank sozialistescher Politik déi Jonk zwar mat engem Diplom, mä ouni Wëssen an ouni Hoffnung op eng uerdentlech Plaz aus de Schoule kommen.

Et ass eng Wunnraumsmauer, wou ëmmer méi jonk Stéit sech d’Wunnen hei an hirem eegene Land net méi kënne leeschten.

Et ass eng Bürokratiemauer, wou alles ëmmer méi schwéierfälleg, komplizéiert, laangwiereg an doduerch deier gëtt.

Et ass eng Fiskalmauer, wou Steieren an dësen Zäiten erhéicht amplaz erofgesat ginn, an dat deenen domme Wieler och nach als Spuere verkaf gëtt…

Et ass virun allem awer och eng Sozialmauer, wou et ville Lëtzebuerger ëmmer méi schwéier fält iwwert d’Ronnen ze kommen.

An de Chauffeur vun deem Lëtzebuerg, wat do mat 180 Kilometer an der Stonn op d’Mauer zourennt, heescht Jean-Claude Juncker: de Crashadr-Dummy.

Just datt am Crashadr keen zu Schued kënnt, ausser den Dummy selwer.

Hei ass et Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger, déi d’Baach erof ginn.

D’CSV ass bal onënnerbrach säit 70 Joer um Pouvoir. Zu Zäiten, wéi se aus dem Volle konnt schäffen, huet si et net fäerdegbruecht, eis Land op méi schwéier Zäite virzebereeden: grouss Infrastrukturaarbechte goufen net gemaach, Reservë goufen net ugeluecht, mat der Géisskann ass Geld verdeelt gi fir Walen ze gewannen.

An haut – an dat ass d’Wouerecht – sti mir virum Aus.

D’Reserven sinn eidel, eis Finanzplaz (ausser wat d’Fongen ubelaangt) ass um Réckzuch. Trotz héije Steieren ass de Budget am Desequiliber an et muss geléint si fir d’Lächer ze stoppen. Eng Milliard, dat sinn 1000 Milliounen Euro oder 40 dausend Millioune Frang. An dat elo am 4. Joer hannerteneen.

Wann also eng Partei de Beweis erbruecht huet, datt si eist Land net erfollegräich ka féieren, dann ass dat d’CSV.

D’Wouerecht ass, datt 2013 – dat ass an nëmmen 10 Joer – 4,5 Milliarde Scholde fälleg ginn, déi elo opgeholl goufen.

Mir hypothekéiere scho laang net méi nëmmen eise Kanner hir Zukunft, mir hypothekéieren elo schonns eis eegen Zukunft!

An elo erschlot de Roy Reding, alias Hiob, a sot d’ADR wiere Miesepeteren a Granzerten an et wier hei am Land dank der CSV an hirem séchere Wee alles paletti.

Oder dir sot vläicht: Ma Gott sei Dank gëtt et nach eng Oppositioun, déi net Paltongzéier si fir an eng Regierung ze kommen ewéi Meisch, Bausch, Bettel a Co., mä Leit, déi eppes ze soen hunn an et soen – och wann et net populär ass.

A vläicht maacht dann d’nächst Joer eppes anescht ewéi viru 4 Joer a lauschtert op Fakten amplaz op Sloganen a wielt ADR – eisem Land zuléift.

Bäitrag vum Roy Reding, Vize-President vun der ADR, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg de 15. Februar 2013

Deel dëse Post: