Trëppeltour vun der ADR Osten

De Kommitee vun der ADR Osten hat fir de Sonndeg, 19. Juni 2022, all d’Ost-Memberen an d’Parteiféierung op een Trëppeltour mat uschléissendem Bauerebuffet invitéiert. Treffpunkt war d’Gare zu Manternach. Bei sonnegem Wieder huet den Trëppeltour duerch d’Naturschutzgebitt „Manternacher Fiels“ gefouert. Am Manternacher Bësch wuesse Pflanzen, déi Seltenheetswäert hunn. Bis zu 50 Meter erhiewe sech d’Fielsen, déi mat Efeu, Flechten a Moss bedeckt sinn, an d’Héicht. Déi gewalteg Fielsschicht bei der Michelslay an de Wee duerch d’Schlammbaachdall  hunn déi knapp zwanzeg Participanten impressionéiert. De Wangert, dee sech matzen am Bësch befënnt, huet eng laang Geschicht hannert sech. Nom Trëppeltour gouf et e gudde Maufel am Bësch beim Chalet „Fuussebau“. 

Deel dëse Post: