Traureg Verbreedung vu Russophobie zu Lëtzebuerg

A kaum engem Land gëtt Toleranz an de Matenee vu ganz ënnerschiddleche Kulturen esou héich gehalen, wéi zu Lëtzebuerg. En Ëmstand, deen d’Regierung sech och gären als eegene Verdéngscht op de Fändel schreift. Wéi viru mëttlerweil bal engem Joer ëmmer méi Fäll vu Russophobie ugefaangen hu bekannt ze ginn, huet si sech dann och ëffentlechkeetswierksam zur Toleranz bekannt a géint Diskriminéierung ausgeschwat. Wéi rezent an engem oppene Bréif vun de Vertrieder vun der russescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg ze liese war, ass an där Saach awer säitdeem net vill geschitt an d’Leit kënnen deelweis mol net méi ongestéiert mat hire Kanner an de Kino goen. Firwat huet d’Regierung hei bis ewell net duerchgegraff?

Deel dëse Post: