Trauer mat eise belschen Noperen

D’ADR huet mat engem Komunikee op déi schrecklech Attentater vu Bréissel reagéiert. Den Text, deen eist Matgefill mat den Afferen, hire Familljen,  hire Bekannten an eise belsche Noperen ausdréckt, ass un d’Press gaang an un déi belsch an déi franséisch Botschaften hei zu Lëtzebuerg. D’ADR adresséiert sech awer och un d’Lëtzebuerger Regierung, déi alles maache soll, fir d’Sécherheet hei am Land ze garantéieren.

Deel dëse Post: