Transparenz an Innovatioun am pharmazeutesche Sektor

D’APL (Association Pharmaceutique Luxembourgeoise) mécht sech staark dofir, datt zu Lëtzebuerg d’Versuergung mat héichwäertegen an innovative Medikamenter garantéiert bleift. An enger Entrevue mat der ADR huet d’APL däitlech gemaach, datt si e wichtegen Acteur ass fir déi kollektiv Gesondheet vun eisem Land; en Acteur, deem leider net ëmmer déi néideg Opmierksamkeet geschenkt gëtt. Et wënscht een sech méi Opmierksamkeet fir déi wichteg Aarbecht, och vu Säite vun der Politik. Oft ass et esou, datt d’APL bei wichtege Gespréicher iwwert d’Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg net mat um Dësch sëtzt.

Et ginn zu Lëtzebuerg direkt e puer Fuerschungsplazen, déi sech mat innovative medezinesche Behandlungsmethode beschäftegen. Trotzdeem investéiert d’Uni Lëtzebuerg nach ëmmer net a pharmazeutesch a biochemesch Studien. Och hei gesäit d’APL Verbesserungspotential. Et feelt generell un engem reegelméissegen an oppenen Dialog mat alle concernéierte Partner, fir esou déi néideg Transparenz an Innovatioun am Gesondheetssecteur bäizebehalen.

D’APL war vertrueden duerch hire Generalsekretär Hendrik Kühne an de Jean Michel, Member vum Administratiounsconseil vun der APL. 

Deel dëse Post: