Tram weider duerch Naturschutzgebidder ?

Obschonns d’Navette vum Tram um Kierchbierg aktuell méi Nodeeler wéi Virdeeler opweist, ginn d’Pläng fir weider Linnen ze zéie monter weider gesponnen. Esou soll en Tracé iwwer de Circuit de la Foire op de Boulevard Konrad Adenauer goen. Datt den Tram kéng Récksiicht op d’Gréngs hëlt, ass näischt Neies: d’Beem an der Schäfferallee hu missen de Schinne Plaz maachen, den Tramsschapp ass matten an eng Natura 2000 Schutzzone gebaut ginn.

Den Deputéierte Roy Reding mécht sech Suergen: déi projezéiert Linn a Richtung Boulevard Kondrad Adenauer kéint weider Deeler vun der Natura Schutzzone “LU0001022 Grunewald” zerstéieren, genau wéi en Deel Gréngzon déi am PAG vun der Stad Lëtzebuerg agedroen ass. An dësem Sënn huet en eng parlamentaresch Fro un d’Regierung geriicht.

 

Deel dëse Post: