Tram-Statiounen: Firwat kaum lëtzebuergesch Nimm?

Et ass flott, datt bis elo eng Rei vun Tram-Statiounen e Lëtzebuergesche Numm kruten, bei deene neie Statiounen ass dat awer net virgesinn. D’Nimm vun den Tram-Statiounen hunn eng grouss Symbolkraaft fir eis Sprooch an hëllefen se ze promovéieren. Verschidden Nimm sinn nëmmen op franséisch, z.B. Place de Metz a Gare centrale, anerer sinn och op Lëtzebuergesch, z.B. Paräisser Plaz, Place de Paris. Et kann ee sech froen firwat d’Statiounen, sproochlech gesinn, net no enger eenheetlecher Manéier benannt gi sinn an och firwat verschidde Statioune just op franséisch a net op Lëtzebuergesch sinn.

Deel dëse Post: