Tram: fir e Referendum

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Et stëmmt, datt Lëtzebuerg, wann d‘Pendler an d‘Stad schaffe kommen, en echte Problem mat der Mobilitéit huet. De Stau op den Autobunne gëtt awer op kee Fall mat engen Tram duerch d‘Stad opgeléist. Am Contraire, den Tram bréngt zousätzlech Problemer, an dës och fir d‘Bierger an d‘Leit, déi an d‘Stad schaffe kommen an dobäi den ëffentlechen Transport benotzen. Den Tram ass net méi séier wéi de Bus, fiert net esou oft a mécht d‘Ëmklammen zum néie Vollekssport.

Datt kuerz virun de Walen eng Regierung, déi den demokratesche Spillreegelen no nëmmen däerf déi lafend Geschäfter verwalten, d‘Decisioun fir de Bau vum Tram hëlt, ass eng riseg Frechheet.

Dobäi gëtt de Bierger a Wieler och nach wëssentlech belunn! Et muss ee schonns tëschent den Zeilen an den Titelen aus de Medie liesen, fir erauszefannen, datt den Tram net 230 Milliounen Euro kascht, mä offiziell 350 Milliounen Euro, dëst mat der Bedeelegung vun der Gemeng. Och dës Zuel ass total irrealistesch, wann ee weess, dat déi kleng Seelbunn vum CFL-Arrêt ënnert der rouder Bréck bis op de Kierchbierg eleng schonns iwwert 100 Milliounen Euro soll kaschten!

D‘ADR schätzt, datt fir den Tram ronn 1 Milliard Euro gebraucht ginn. Dëst ass déi gréisste Feelinvestitioun vum Joerhonnert, an de Problem vun der Mobilitéit ass dobäi net geléist, ganz am Géigendeel.

D‘ADR fuerdert, datt all d’Parteien, déi elo méi Demokratie a Biergerbedeelegung verspriechen, dës och eescht huelen: d‘Bierger mussen iwwert Referendum iwwert de Bau vum Tram duerch d‘Stad däerfen entscheeden! Dofir mussen och realistesch Zuelen op den Dësch geluecht ginn, genausou wéi d‘Alternativen, déi de Problem vun der Mobilitéit wierklech léisen.

Deel dëse Post: