Training fir Ukrain-Zaldoten: Gefor fir Lëtzebuerg?

D’EU huet annoncéiert, datt si wëll an Nopeschlänner vun der Ukrain ukrainesch Zaldoten ausbilden. An enger parlamentarescher Fro mécht de Fernand Kartheiser op méiglech Geforen vun esou enger Approch opmierksam.

Fro

Den Här Josep Borrell huet ugekënnegt, datt d’EU plangt, e militäreschen Trainingsprogramm  fir ukrainesch Zaldoten a Nopeschlänner ze organiséieren. Dat huet de Chef vun der europäescher Baussepolitik anscheinend den 22. August an der spuenescher Stad Santander annoncéiert. An deem Kaderwéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Ass d’Ukrain oder sinn d’USA un d‘EU erugetrueden, fir esou e Programm op d’Been ze stellen? Vu wiem ass déi Initiativ ausgaangen? Wéi soll dee Programm finanzéiert ginn? Wéi eng Envergure soll en hunn a wéi laang soll en daueren?
  2. Wéi eng Roll géing Lëtzebuerg am Kader vun esou engem Programm iwwerhuelen?
  3. Wéi eng Roll sollen déi europäesch Institutiounen an Organer dobäi iwwerhuelen a wéi eng rechtlech Grondlagen hu si heifir? Wéi eng Arméien schaffen dee Programm aus, wéi eng setzen en ëm? A wéi engem Gremium ginn déi Aarbechte gemaach?
  4. Groussbritannien, Kanada an d’USA bidden eises Wëssens schonn Ausbildungsprogrammer fir ukrainesch Kämpfer. Wär et net méi sënnvoll esou en Ausbildungsprogramm vun der Nato koordinéieren ze loossen, amplaz elo nach eng véiert Zort Ausbildung op d’Been ze stellen? Oder soll déi europäesch Initiative méi eng spezialiséiert Ausbildung fir eng besonnesch Zort Truppe sinn?
  5. Ass et politesch sënnvoll d’EU nach weider ze militariséieren?
  6. D‘Geschicht weist, datt militäresch Beroder an Ausbilder dacks e weidere Schrack an enger verhängnisvoller Verwécklung an e Konflikt waren, déi dobäi mol net onbedéngt beabsichtegt war. Wéi schätzt Lëtzebuerg dës Gefor an? Ass esou en Trainingsprogramm net eng wieder Verwécklung a Richtung vun enger oppener Krichsbedeelegung vun eisem Land?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Aussen- an Europaminister, Jean Asselborn, a vum Verdeedegungsminister, François Bausch, op d‘parlamentaresch Fro n° 6704 vum 24.August 2022 vum honorablen Deputéierten Här Fernand Kartheiser

E militäreschen Trainingsprogramm zugonschte vun der Ukrain gouf schonns 2021 vu verschiddenen EU Memberstaate proposéiert. Nom Ufank vum generaliséierte russeschen illegalen Ugrëffskrich géint d’Ukrain, am Februar 2022, huet d’Ukrain eng Rei vun Trainingsbesoinen ugemellt, z.B. wärend der Informelle vun den Defenseministeren zu Prag am August. Den Héije Vertrieder vun der Unioun fir Aussen- a Sécherheetspolitik a Vizepresident vun der Kommissioun, Josep Borrell, hat kuerz virdrun d’Iddi vun enger EU-Trainingsmissioun lancéiert.

D’Missioun gëtt momentan an den zoustännege Instanzen vum Conseil vun der EU (COPS, Comité militaire,  PMG) diskutéiert. D‘Zoustëmmung  ass  ganz  large,  an  d’Finanzéierung  géif iwwert d’Budgetslinn vun der Gemeinsamer Sécherheets a Verteidegungspolitik (GSVP) assuréiert ginn, sou wéi iwwert eng zousätzlech Mobiliséierung vun der europäescher Friddensfacilitéit. D’GSVP liwwert de rechtleche Kader, an di virgesinne Trainingsmodulen sinn déi folgend: Basistraining, Manövréieren op Unitéits- a Sub-Unitéitsniveau, Organisatioun an Taktik, Feldmedizin, Logistik a Genie, kombinéiert Formatioun fir Waffeninstrukteren, Cyber, CBRN-Protektioun, Maintenance a Reparatiounen. De Plang ass fir ganz Brigade vun der ukrainescher Arméi op verschiddene Plazen an Europa – net an der Ukrain – auszebilden.

D’Missioun soll och op si fir Net-EU Staaten an ass fir d’éischt emol geplangt fir 2 Joer.

Deel dëse Post: