Totalen Informatiounsausfall am ëffentlechen Transport

De 15. a 16. Juli gouf eis Land vun enger Héichwaasserkatastroph getraff, wéi mir et säit Joerzéngten net méi gesinn hunn. Eng Rëtsch Stroossen waren net méi passéierbar a ganz Uertschaften net méi erreechbar. Selbstverständlech blouf och de Fuerplang vum ëffentlechen Transport net verschount. Mee amplaz d’Leit op d’Situatioun opmierksam ze maachen, kruten si ob deene sëllege Kommunikatiounsplattformen ugewisen, datt alles säi gewinnte Gang géif goen. Si goufe wuertwiertlech am Reen stoe gelooss. Wéi kann dat sinn an hätten d’Leit a sou enger Situatioun net allgemeng besser, op d’Flexibilitéit vum eegenen Auto zeréckzegräifen?

Deel dëse Post: