To be or not to be… an Europa.

De Premierminister David Cameron hält sech u säi Verspriechen, a wäert d’Bierger aus Groussbritannien an engem Referendum d’Fro stellen, op se an der Europäescher Unioun wëlle bleiwen oder net. Am Virfeld huet den englesche Premier verhandelt, fir besser Konditioune fir d’Briten eraus ze schloen, sollten se ze an der EU bleiwen.

Et sinn dëss:

  • eng „Noutbrems“ fir zäitweileg an ënnert bestëmmte Viraussetzunge sozial Hëllefe fir intra- europäesch Migrante kënnen auszesetzen;
  • de Subsidiaritéitsprinzip soll verstäerkt gi mat engem System vun der rouder Kaart, mat deem eng Majoritéit vun national Parlamenter kënnen europäesch Legislatioune blockéieren;
  • eng Dispositioun, datt d’Rechter vun de Memberstaten, déi net am Euro sinn, besser berücksichtegt ginn;
  • d’Kompetitivitéit vun de Memberstate verbessert gëtt, andeems d’Legislatioune vereinfacht ginn a Grenze fir den Handel erwäch falen;
  • Groussbritannien soll net méi verflicht si fir eng weider politesch Integratioun an d’Europäesch Union.

Dëse Pak soll um Sommet zu Bréissel, de 17. an 18. Februar, verhandelt ginn.
De Fernand Kartheiser huet dem Lëtzebuerger Premier dréngend en Rei Froe gestallt, fir ënner anerem ze wësse wéi d’Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung ass, a wéi en Konsequenzen op Lëtzebuerg zou kéime wa Groussbritannien géif aus der EU austrieden.

Deel dëse Post: