Tierkei: Froen zum Referendum

Den tierkesche Referendum war an der Kritik, och wat d’Zuelen vun de Stëmmen ugeet, déi zu Lëtzebuerg op der tierkescher Botschaft ofgi gi sinn. Duerfir huet de Fernand Kartheiser nogefrot, ob d’tierkesch Botschaft hei am Land der Lëtzebuerger Regierung no de Regele matgedeelt hat, datt och Tierken aus de Nopeschlänner hei géingen ofstëmmen. D’Drénglechkeet vun der Fro, déi eng séier Äntwert garantéiert hätt, ass net unerkannt ginn, obwuel wéi den Bausseminister haut seet, datt d’Lëtzebuerger Regierung net informéiert war.

D’ADR huet och mat engem Pressekommunikee op dës Wale reagéiert. Eis Partei verlaangt nach eng Kéier grad no deem Resultat vum Referendum, datt d’EU-Bäitrëttsverhandlungen net nëmmen op Äis geluecht mä definitiv ofgebrach ginn. Mir wonneren eis och, datt de Lëtzebuerger Bausseminister beim tierkesche Referendum en demokrateschen Ëmgaang verlaangt, déi seng eege Regierung 2015 zu Lëtzebuerg och net un den Dag geluecht hat.

Deel dëse Post: