Tesla-Luedstatiounen: alles legal?

An Däitschland sinn all Luedsaile fir Elektroautoe vun der Mark Tesla illegal. Dës Sailen hunn an Däitschland kee Compteur, esou datt d’Clienten net wëssen, wéi vill Stroum si zu wat fir engem Präis verrechent kréien. Well net unzehuelen ass, datt d’Luedstatioune vun deem E-Gefier-Hiersteller an Däitschland anescht si wéi soss op der Welt, kann ee sech d’Fro stellen, ob den Affichage vum Präis zu Lëtzebuerg virgeschriwwen ass. De Fred Keup kritt op seng parlamentaresch Fro eng ganz laang Äntwert vum Konsumenteschutzministère, déi onendlech probéiert ëm de Bräi ze schwätzen … Vläicht sinn d’Statiounen net ganz legal, mee et ass och schwéier legal ze sinn oder Et huet nach kee reklaméiert … ass do dran ze liesen. Ausserdem gëtt op eng nei europäesch Direktiv verwisen, wou dat alles eng Kéier gekläert gëtt. Extrem Toleranz schéngt beim E-Auto ugesot och wat de Konsumenteschutz ugeet.

 

Fro

An Däitschland sinn, no enger Meldung vu „Focus Online“, déi sech op d‘ „Handelsblatt“ an „IKT für Elektromobilität“ bezitt, all Luedsaile fir Elektroautoe vun der Mark Tesla illegal. Dës Sailen hunn an Däitschland kee Compteur, esou datt d’Clienten net wëssen, wéi vill Stroum si zu wat fir engem Präis verrechent kréien. Well net unzehuelen ass, datt d’Luedstatioune vun deem E-Gefier-Hiersteller an Däitschland anescht si wéi soss op der Welt, wéilt ech dës Froen un d’Madamm Minister fir Konsumenteschutz an un den Här Wirtschaftsminister riichten:

  1. Ass den Affichage vum Präis zu Lëtzebuerg virgeschriwwen an erfëllen d’Luedstatioune vun Tesla an all aner Luedstatiounen dës Oplo?
  2. Wat ënnerhëlt d’Regierung, fir d’Rechter vum Konsument op eng transparent Präisgestaltung duerchzesetzen, fir de Fall, datt d‘Chargeuren net sollte gesetzeskonform sinn?
  3. Ass d’Lëtzebuerger Regierung, wéi déi däitsch, der Meenung, datt eng Illegalitéit wärend enger Transitiounsperiod ka bestoe bleiwen a keng Konsequenze muss hunn? Wa jo, wéi justifiéiert si esou eng Positioun?
  4. Wat fir eng Homologatioun hunn déi Statioune musse kréien a wie war dofir responsabel? Sinn eventuell Illegalitéite bei där Prozedur scho festgestallt ginn oder si si iwwersi ginn?

Äntwert

Äntwert vun der Ministesch fir Konsumenteschutz, vum Wirtschaftsminister, vum Minister fir Energie a vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n°6674 vum éierewäerten Deputéierte Fred Keup.

Den honorabelen Deputéierten huet eng Serie vu Froen iwwert Präistransparenz bei Luedstatioune fir Elektroautoe gestallt. Wéi hie schreift, si Mëtt August an der däitscher Press eng Serie vun Artikele verëffentlecht ginn, an deenen d’Legalitéit vun Tesla Luedstatiounen a Fro gestallt gëtt. Zu deenen Artikelen ass ze bemierken, dass et doranner ëm d’Legalitéit ënnert dem däitschen Eichrecht geet, a net ëm d’Legalitéit ënnert de Reegele vun der Präisindikatioun.

Donieft ass et wichteg ervirzehiewen, dass dës Tesla “Supercharger” bis d’Fréijoer dëst Joer an Europa net zougänglech fir Elektroautoe vun aneren Hiersteller waren an domadder als privat Luedstatiounen unzegesi waren. Doduercher, dass Tesla awer elo am gaangen ass progressiv säi Reseau u “Supercharger” an Europa fir aner Marken op ze maachen, sinn dës Bornen als ëffentlech zougänglech unzegesinn a falen domadder ënnert d’Dispositioune vun der Direktiv 2014/94/EU iwwert d’lnfrastruktur fir alternativ Kraaftstoffer an déi respektiv national Transpositioune vun dësem Text an den eenzele Memberstaaten. An Däitschland huet sech doropshin erausgestallt, dass d’Bornë vun Tesla net dem spezifeschen däitschen Eichrecht entspriechen. Zu Lëtzebuerg ass dëst awer net de Fall an der Regierung leien och keng Informatioune fir, dass et an anere Länner änlech Problemer wéi an Däitschland gëtt.

Dobäi ass et och wichteg ze präziséieren, dass et sech bei den Tesla “SuperCharger” ëm Bornë mat Gläichstroum handelt a, wéi an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2617 vum 3. August 2020 iwwert méiglech Stroumverloschter beim Luede vun Elektroautoen am Detail erkläert, gëtt bei dëse Schnelllueder de Wiesselstroum ausserhalb vum Elektroauto a Gläichstroum ëmgewandelt. Déi eventuell Verloschter bei dëser Ëmwandlung kritt de Konsument bei Gläichstroumbornen, wéi deene vun Tesla, also net a Rechnung gestallt.

Generell ënnerleien och d’Servicer, déi dem Konsument iwwert Luedstatioune fir Elektroautoen hei zu Lëtzebuerg ugebuede ginn, de Reegelen aus dem Code de la consommation.

Um Niveau vun der Präisindikatioun gëllen hei d’Artikele L. 112-1 a L. 112-8, déi de Prinzip virschreiwen, dass de Professionellen de Konsument eendeiteg, liicht erkenntlech a lieserlech (op Franséisch am Code “de manière non equivoque, facilement identifiable et aisément lisible”) iwwert d’Präisser informéiere muss. D’Präisser mussen an Euro affichéiert ginn an et muss kloer sinn, op et e Forfait oder e Präis op d’Unitéit ass. Zum Beispill: e Forfait fir eng gewëssen Zäit ze lueden, oder soss de Präis op d’Kilowattstonn. De Code de la consommation selwer schreift an dësem Kontext keng bestëmmten Unitéit vir. De Präis muss och ëmmer all Taxen (z.B. TVA) mat abegräifen. Falls de Präis net am Viraus ka bestëmmt ginn, da muss de Professionellen all déi Critèren affichéiere, déi hie benotzt fir de Präis ze bestëmmen.

Am Fall vun de Luedstatiounen ass et awer wichteg ze betounen, dass et an der Reegel keen eenheetleche Präis oder Tarifmodell gëtt. Dëst am Géigesaz zu enger klassescher Tankstell, wou de Client dem Bedreiwer ee bestëmmte Präis pro Liter Brennstoff bezillt. Esou huet de Client bei de Bornen aus dem « Chargy » Réseau zum Beispill d’Auswiel teschend méi wéi 50 Luedservice-

 

Provider (op Franséisch: Fournisseurs de service de charge, “FSC“), déi hir Servicer mat hire jeeweilegen Tarifmodeller op dëse Borne ubidden. All dës ënnerschiddlech Präisser an Tarifmodeller kënnen natierlech net fir de Konsument op der Luedstatioun ugewise ginn. De Konsument kritt am Kontrakt, deen hien am Virfeld mat sengem FSC ofgeschloss huet, d’Tarifstruktur erkläert an an der Praxis ginn d’Präisser fir de Luedservice meeschtens iwwert eng d’Applikatioun vum FSC ugewisen.

Donieft a wéi an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4958 vum 14. September 2021 präziséiert, gesäit déi uewen ernimmten Direktive vir, dass op all ëffentlech zougänglecher Borne och ouni Kontrakt mat engem FSC ka geluede ginn. Dëst sougenannten “Ad hoc” Lueden ass op Schnelllueder, wéi zum Beispill den “SuperChargy” Bornen, och iwwert Debit- a Kreditkaarte méiglech. An dësem Fall ass den “Ad hoc” Präis direkt op der Luedsail affichéiert.

Wat d’Tesla “Supercharger” ubelaangt, esou gëtt de Präis an d’Tarifstruktur vun de Luedservicer an den Autoe vun dësem Konstrukteur ugewisen. Fir Benotzer vun enger anerer Autosmark, geschitt dat iwwert d’Handy-Applikatioun vun Tesla, iwwert déi de Client sech fir de Service aschreift an d’Luedung fräischalt.

Wann de Konsument säi Won zum Beispill an engem Hotel oder Restaurant luet, dann ass et um Hotelier d’Präisser ze affichéieren. An der Praxis ass dat an deenen Etablissementer déi dem Konsumenteschutzministère bekannt sinn, esou, dass den Hotelier e Forfait fir eng gewësse Luedzäit freet. Op anere Plazen, ass d’Lueden am Zëmmerpräis fir d’Iwwernuechtung mat abegraff.

Bis dato ass de Servicer vum Konsumenteschutzministère keng Reklamatioun iwwert d’Indikatioun vun de Präisser op de Luedstatioune fir Elektroautoen oder iwwert d’Informatioune vun de verschiddene FSC bekannt.

Nieft der Präisindikatioun mussen déi Professionell déi hire Stroum iwwert d’Saile verkafen, sech natierlech och un déi aner Reegelen aus dem Code de la consommation halen. Wann si dat net maachen, setzen si sech strofrechtleche Sanktiounen aus, déi d’Police an de Parquet an d’Weeër leede kënnen. D’Ministesch fir de Konsumenteschutz kann hirersäits, wann hir Servicer eng Infraktioun feststellen, eng “ action en interdiction” oder eng “action en cessation” géint de Professionellen aleeden.

Et ass nach wichteg ze präziséieren datt am Kader vum “Fit for 55 Package” d’europäesch Kommissioun de 14. Juli 2021 ënnert anerem eng Propose fir een neit Reglement iwwert d’Infrastruktur fir alternativ Kraaftstoffer gemaach huet, wat déi uewegenannten Direktiv ersetze soll. Nieft Mindestziler u Luedinfrastruktur, déi all Memberstaat muss virgesinn, gesäit dëst neit Reglement am Artikel 7 och eng Rei kloer Reegelen a punkto Präis-Transparenz an Affichage op ëffentleche Luedstatioune vir. Esou soll de Präis vum “Ad hoc” Lueden an alleguerten d’Komponenten aus deenen sech dëse Präis zesummesetzt kloer op all Borne affichéiert ginn. Dat selwecht gëllt fir alleguerten d’Handy Applikatioune vun de FSC.

Duerch dës méi kloer an europawäit applikabel Reegelungen, soll d’Lueden op ëffentlech zougängleche Luedinfrastrukturen an der ganzer Unioun méi transparent an domadder am Sënn vum Konsument verbessert ginn.

Deel dëse Post: