Terrorcamp an den Ardennen: näischt geschitt?

Alles nëmmen hallef esou wëll. Et gouf kee Camp an en hat och nach näischt mat Lëtzebuerg ze dinn. Dat ass d’Äntwert vum Minister fir bannecht Sëcherheet Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser iwwer Pressebeiträg, déi vun terroristeschen islamisteschen Trainingscampen an den belschen Ardennen bericht hunn. Déi Reportagen sinn deelweis vun aner Pressorganer nees dementéiert ginn, an deene behaapt gouf, et wär just e Paintball-Rollespil gewiecht.

Zwou Bemierkungen: D’belsch Police hat eng Enquête gemaach an esou am belsche Fernseh déi Camp-Geschicht kommentéiert . Iwwer déi Enquête gouf Lëtzebuerg, wat jo awer net wäit vun esou Terroristen ewech gewiecht wär, net informéiert. Interessant och, datt Lëtzebuerg eventuell finanziell Verwécklung vu Lëtzebuerger Moslems iwwerpréift. Dat war wuel d’Resultat vun enger aner Fro vum Fernand Kartheiser iwwer Uschëllegungen an der bosnescher Press, datt Terrorismus géing aus Lëtzebuerg finanzéiert ginn.

Deel dëse Post: