Terminconvocatioune vun der Santé: firwat net op Lëtzebuergesch?

Verschidde Patiente krute vun der Santé Terminconvocatiounen a Reklammen a véier Sproochen, mee (natierlech) net op Lëtzebuergesch. D’Alexandra Schoos freet bei der Ministesch no.

Fro:

Viru Kuerzem krut e Patient eng Convocatioun fir eng IRM-Ënnersichung vum Centre hospitalier du Nord. Dës Convocatioun war op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch verfaasst, awer net op Lëtzebuergesch. En anere Patient krut eng Reklamm (“Prenez rendez-vous chez votre dentiste pour votre enfant”) vun der Direction de la Santé / Division de la médecine scolaire et de la santé des enfants et adolescents, déi, grad wéi déi mentionéiert Convocatioun, op Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch verfaasst war, awer net op Lëtzebuergesch.

An dësem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:

  1. Entsprécht et der offizieller Sproochepolitik vun der Lëtzebuerger Regierung, dass Terminconvocatiounen a Reklammen am Gesondheetswiesen just op Franséisch, Däitsch, Englesch (keng Verwaltungssprooch) a Portugisesch (keng Verwaltungssprooch), awer net an der Landessprooch verfaasst ginn?
  2. Geet d’Regierung dervun aus, datt eng lëtzebuergesch Versioun vun Terminconvocatiounen a Reklammen net néideg ass fir de Lëtzebuerger Mammesproochler? Wa jo, aus wéi enge Quelle speist sech dës Vermuddung vun der Regierung?
  3. Plangt d’Regierung Moossnamen, fir sécherzestellen, datt an Zukunft all Terminconvocatioun a Reklamm am Gesondheetswiesen och op Lëtzebuergesch verfaasst gëtt?

Äntwert:

Froen 1 an 2: De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet versicht bei senge Preventiounsmoossname souwéi och bei den Terminconvocatiounen déi Sproochen ze benotzen, déi vun engem méiglechst grousse Prozentsaz vun der Bevëlkerung verstane ginn. Mam Ofdecke vun den uewe genannte Sprooche gëtt dovun ausgaangen dass e groussen Undeel u Persounen (dorënner och lëtzebuergeschsproocheg Persounen, awer och Persounen déi d’lëtzebuergesch Sprooch net beherrschen) d’Kommunikatioun versteet. Et ass dobäi ze betounen dass och op Lëtzebuergesch kommunizéiert gëtt, notamment am Kader vun de soziale Medien. Des Weidere baséiert dës Approche op pragmateschen an operationelle Consideratiounen, déi drop ofzielen, eng effikass a séier Kommunikatioun am Interessi vun der ëffentlecher Gesondheet ze garantéieren. Eng limitéiert Zuel u Sproocheversioune mécht et méiglech, d’Dokumenter méi séier zur Verfügung ze stellen an d’Informatioune kloer a verständlech un déi concernéiert Persounen ze vermëttelen.

Fro 3: D’Prioritéit vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet ass, e méiglechst héije Versteesdemech vun de wichtegen Informatiounen an der Bevëlkerung ze erreechen a wäert an deem Sënn d’Sproochepolitik ëmmer weider upassen.

Deel dëse Post: