Taxigesetz an der Kritik

Zenter dem 1. September ass dat neit Taxi-Gesetz a Kraaft. Taxi fueren hei am Land ass elo sou deier wéi nach ni. Dem Statec no sinn d’Präisser tëschent Juli 2017 an Dezember 2018 ëm 11% geklommen. Am Kader vun der Gesetzreform huet d’Liberaliséierung vun den Taxi-Präisser net dee gewënschten Effekt. De Konsumenteschutz huet elo d’Regierung opgefuerdert fir d’Gesetz op e neits nozebesseren. Erfarungen am Ausland hätte gewisen dass eng Liberaliséierung vun de Präisser zu méi deiere Präisser géif féieren. Mir hu bei Leit aus dem Taxi-Secteur nogefrot wou de  Schong den Ament dréckt.  

Deel dëse Post: