Taiwan – nach ëmmer ausgeschloss vun der ICAO

Eng vun den Destinatiounen, déi reegelméisseg vun der Cargolux ugeflu ginn, ass Taiwan Taoyuan zu Taipei. Allerdéngs ass Taiwan zënter 1971 vun de Reunioune vun der ICAO (International Civil Aviation Organization) ausgeschloss. Dës UN-Organisatioun wëll op hirer 41. Versammlung, vum 27. September bis de 7. Oktober zu Montreal iwwer d’Relance vun der ziviller Loftfaart no Corona diskutéieren, woubäi et haaptsächlech ëm d’Fluchsécherheet geet. An deem ganz aktive Loftsecteur Ostasien ass Taiwan fir Fluchinformatiounen zoustänneg. Wéi héich ass de Sécherheetsrisiko, deen duerch en Ausschloss vun Taiwan vun dësem Treffen entsteet, eventuell och fir Lëtzebuerger Fliger?

Deel dëse Post: