Tablets an de Schoulen op e Minimum reduzéieren?

Iwwer de Gebrauch vun Tablets an de Schoule ginn et ënnerschiddlech Meenungen. De Fred Keup huet dozou puer Froen un den Unterrechtsminister:

Fro:

Mobil Medie gehéieren haut zum Alldag vun de Schüler. Iwwer de Pro a Kontra vun der fréier Medienerzéiung am Unterrecht ginn et reegelméisseg Diskussiounen. Vill Kannerdoktere si vu gesondheetlechen a psychologeschen Niewewierkungen iwwerzeegt (Kappwéi, ADHS, psychesch Erkrankungen). D’Schüler wieren oft iwwerfuerdert vun de quasi endlosen Informatiounen a Méiglechkeete vun den Apparater. Och d’Argument, datt et wichteg wier, fir d’Kanner sou fréi wéi méiglech un déi digital Technik erunzeféieren, fir datt si sech spéider an enger vollstänneg digitaliséierter Aarbechtswelt zurechtfannen, gesi Gesondheetsexperte kritesch. Oft wier souguer de Géigendeel festzestellen. Jee méi a jee éischter mobil Mediennotzung an der Schoul, desto gréisser d‘Warscheinlechkeet, datt d’Kanner mam Liewen a mat den neie Medien net gutt eens géife ginn.

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt et fir déi physesch a séilesch Gesondheet vun de Kanner a Jugendlecher wichteg wier, de Gebrauch vu mobile Medien an de Schoulen op e strikte Minimum, dee pedagogesch begrënnt muss sinn, ze reduzéieren?
  • Ginn et Iwwerleeungen, fir all Form vun net-pedagogescher Notzung vun Tablets an den ëffentleche Schoulen ze verbidden bzw. vun den IT-Servicer blockéieren ze loossen, sou wéi dat, eisen Informatiounen no, elo schonns an de meeschte Privatschoule gehandhaabt gëtt?

 

Deel dëse Post: