En Thema, dat ëmmer nach tabu ass: Schüler, déi sech d’Liewen huelen. De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un de Schoulminister:
Fro:
Viru Kuerzem ass eis zu Ouere komm, datt e Schüler bei engem Schoulausfluch versicht huet sech d’Liewen ze huelen. D’Eltere vum Bouf goufen awer réischt den Dag dono vun der Schoulleedung iwwer dësen trageschen Zwëschefall informéiert.
Dës Tatsaach werft d’Fro op, ob et am Ëmgang mam Thema Suizid(versuch) an der Kommunikatioun doriwwer am schoulesche Milieu méiglech ass fir Schüler fréizäiteg ze erkennen, déi vläicht an enger Kris stiechen an a Gefor sinn, ob geplangt oder als Kuerzschlussreaktioun, e Suizid(versuch) ze ënnerhuelen.
An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister preziséieren, ob et Bestëmmunge gëtt, déi eng Schoul dozou verflichten, am Fall vun engem schlëmmen Zwëschefall, wéi z.B. engem Suizid(versuch), d’Eltere vum betreffende Schüler direkt doriwwer a Kenntnes ze setzen?
- Am Artikel “Gerüstet gegen die Hilflosigkeit” (“Reporter” vum 14. Februar 2022) konnt ee liesen: «François d’Onghia, der Leiter der Abteilung für Prävention und Information der “Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale”, schätzt die Anzahl der Schulen, die sich auf diese Weise auf einen Ernstfall vorbereitet haben, auf nur „etwa ein halbes Dutzend”. Und auch jene Schulen, die Vertreter und Vertreterinnen zu den Fortbildungs- und Vorbereitungskursen seiner Vereinigung geschickt haben, kann der promovierte Psychologe an einer Hand abzählen. Dabei gibt es in Luxemburg insgesamt 37 staatliche Lyzeen, einige davon mit mehreren Standorten.» Verfüügt den Här Minister iwwer aktuell Zuelen, wat Schoulen (Primaire a Secondaire) ugeet, déi sech, z.B duerch d’Opstelle vun enger speziell forméierter Ekipp, op en Eeschtfall virbereet hunn?
- Wéi de Psychologie-Professer Claus Vögele am mentionéierten Artikel betount, ass e Suizid(versuch) vun engem Schüler “schrecklich, in den meisten Fällen aber auch schrecklich unnötig und vermeidbar.” Dat implizéiert, datt dat schoulescht Personal optimal op dës Thematik virbereet gëtt. Wat huet de Schoulministär säit 2018 konkret gemaach, fir dëst Zil ze erreechen?
- Verfüügt den Här Minister iwwer Statistiken, wat d’Zuel vu Schülersuiziden a -suizidversich an de leschten zéng Joer ugeet? Wann nee, firwat ginn et keng esou Statisitiken?