Suivi vun der Covid-Pandemie: vill oppe Froen

An der Chambersëtzung vum 2. Mee 2024 si puer Froe vum Alexandra Schoos zum Suivi vun der Covid-Pandemie onbeäntwert bliwwen. Dofir huet eis Deputéiert nach puer Froen un Ministesch.

Fro:

D’Madamm Gesondheetsminister konnt mir an eiser Plenière vum Donneschdeg, 2. Mee 2024, op meng erweidert Fro betreffend de Suivi vun der COVID-Pandemie nëmme ganz rudimentär äntweren, datt si dëst Uleies, dat den 23. Mäerz 2023 opgrond vun enger Motioun vun der CSV-Fraktioun eestëmmeg vun der Chamber gefuerdert gouf, “mat an de Regierungsrot” géif huelen.

An där genannter Sëtzung vum 2. Mee ass dunn eng zousätzlech Motioun vun der Sensibilité politique “déi gréng” ugeholl ginn, déi eng “analyse indépendante relative à l’efficacité des mesures prises pour lutter contre la propagation du virus, y compris les confinements, les restrictions de voyage, les campagnes de vaccination et l’impact sociétal des mesures” freet. Zesummegefaasst goufen d’Fuerderunge vun der Chamber vum 23. Mäerz d’lescht Joer also nach eng Kéier zousätzlech confirméiert.

An deem Kontext géif ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

 

  • Goufen déi zwou Motiounen, esou wéi vun der Madamm Gesondheetsminister ugekënnegt, mëttlerweil am Regierungsrot diskutéiert? Wa jo: Wéi eng Conclusioune goufen zeréckbehalen?
  • Wéi e Gremium ass bis ewell mat de Virbereedungsaarbechte beoptraagt?
  • Wéi soll sech den eigentlechen Expertegrupp (“groupe d’experts indépendants”; Motioun vum 23.3.2023) herno zesummesetzen, virun allem och, fir de Charakter vun der Onofhängegkeet vun dësem Grupp ze garantéieren? Wéi eng Experten aus wéi enge Beräicher goufe bis ewell gefrot, ob si wëlle matschaffen? Wéi eng Vertrieder vu gesellschaftleche Gruppe solle mat um Dësch sëtzen?
  • Läit en Dokument vir, dat d’Missioun(en) vun dësem Expertegrupp definéiert? Wa jo: Ass dëst Dokument am Sënn vum gesamtgesellschaftleche Charakter vun där Aufgab ëffentlech zougänglech? Falls net, bis wéini a wou?
  • Wéi eng finanziell Ressourcë sollen dem Expertegrupp zougeduecht ginn, a wéi eng personell Ënnerstëtzung soll hinnen zur Säit gestallt ginn?
  • Ass virgesinn, d’Sëtzunge vun dësem Grupp live ze iwwerdroen oder an enger ëffentlech zougänglecher Mediathéik ze archivéieren, oder gëtt sech op Rapporte beschränkt?
  • Wéi eng Dokumenter sollen zougänglech gemaach ginn? Gehéieren dozou sämtlech Dokumenter, esou wéi se op Basis vum Artikel 75 vun där neier Verfassung fir d’Chamber virgesi sinn? Notamment och d’“Vaccine order forms”, vu datt dës schonn e puer Mol vu Vertrieder aus eisem héijen Haus ugefrot goufen an hir Fuerderungen duerch e Bréif vum 27. November 2023, vum Här Chamberspresident un den Här Staatsminister bestätegt goufen?

 

 

Deel dëse Post: