Suicidepreventioun: D’Politik muss hir Verantwortung iwwerhuelen!

De Jeff Engelen betount a senger Interventioun vum 21. Januar, datt d’Thema Suicide net däerf tabuiséiert ginn. Kee Mënsch däerf opgrond vu senger mentaler Verfassung jugéiert ginn. Fir déi Betraffe mécht dat et och méi liicht, sech Hëllef sichen ze goen. D’Politik huet beim Thema Suicide och eng grouss Verantwortung: Grad am Kader vun der Covid-Kris sinn d’Isolatioun an d’Vereinsamung vu ville Mënsche leider zu enger traureger Realitéit ginn. Duerch ondifferenzéiert Preventiounsmesuren ass och déi sozial Wäermt e Stéck wäit verluer gaangen. Et däerf iwwerdeems och net sinn, datt psychotherapeutesch Hëllef e Privileeg fir Leit an enger finanziell komfortabeler Situatioun ass. D’ADR fuerdert dofir, datt psychotherapeutesch Hëllef och vun der CNS muss iwwerholl ginn. D’Politik kann a muss déi mental Gesondheet gläich stelle mat der kierperlecher Gesondheet an e soziale Kader schafen, fir datt grad am Hibléck op d’Covid-Pandemie Leit net an eng Situatioun geroden, wou si ëm hir Existenz fäerte mussen.

Deel dëse Post: