Suergerecht: Kannerrechter och a Krisenzäit!

Wann Elteren, déi getrennt liewen, sech an Zäite vun der sanitärer Kris net doriwwer eens ginn, wou d’Kand besser opgehuewen ass, soll d’Kand bei deem Elterendeel bleiwen, bei deem et ugemellt ass.

Dës net akzeptabel Opfaassung soll e Familljeriichter an engem Bréif un eng Rei Affekote formuléiert hunn.

D’ADR-Deputéierte Roy Reding a Fernand Kartheiser wëllen et genau wëssen a stellen der Justizministesch eng dréngend parlamentaresch Fro. D’Madame Justizminister schéngt hei awer kee Problem ze gesinn an huet den dréngende Charakter vun der Fro verworf.

 

Deel dëse Post: