Suergeland Afghanistan, Mënscherechter a Lëtzebuerger Reaktiounen

De Fernand Kartheiser huet am Rumm vun de Lëtzebuerger Reaktiounen op dee brutale Revirement am Afghanistan eng Rëtsch parlamentaresch Froen gestallt, wou hien och d’Feeler a Widdersprëch vun der Lëtzebuerger Regierung thematiséiert:

Dobäi geet et him em d’Positioun vum Lëtzebuerger Bausseministère an der EU, déi anscheinend net vun all Land gedeelt gëtt. Däitschland z.B. plädéiert dofir, Afghanen, déi sech a Gefor fillen oder déi mat der Nato iwwert déi lescht 20 Joer zesummegeschafft hunn, op séchere Plazen an oder bei Afghanistan ze beschützen. De Lëtzebuerger Bausseminister huet sech an der Press awer staark gemaach, fir deene Leit a westleche Lànner en neit Heem ze ginn. Wat ass dann elo d’EU-Positioun, freet de Fernand Kartheiser.

An engem desillusionéierten Interview mam „Tageblatt“ schwätzt de Jean Asselborn vun engem Paradigmewiessel an der Baussepolitik. Demokratie a Mënscherechter wären net ze exportéieren ass seng Conclusioun. Hei freet de Fernand Kartheiser no de Konsequenzen aus där Analys, och wat zum Beispill den Asaz vu Lëtzebuerger Zaldoten am Mali oder d’Lëtzebuerger Kandidatur fir den UN-Meënscherechtsrot ugeet.

Deel dëse Post: