Suerge mam TTIP: Eng Motioun vum Fernand Kartheiser

D’Handelsofkommes TTIP (Transatlantic Trade and Investment Partnership) tëscht der EU an den USA gëtt am Ament hanner zouenen Dieren ausgehandelt. Den ADR-Deputéierten huet den 11. Juni an der Chamber eng Motioun deponéiert. Eng Motioun ass en Uerder vun der Chamber un d’Regierung, wéi se sech an enger bestëmmter Fro ze verhalen huet. Hei huet de Fernand Kartheiser gefuerdert, datt d’Regierung, och am Kader vun der EU-Presidence, alles mécht, fir dat deen Accord an de nationale Parlamenter vun der EU ratifizéiert gëtt. Dat och, well ville Leit den TTIP Suerge mécht a se net wéilten, datt esou eppes Wichteges iwwer hir Käpp ewech an Europa géing decidéiert ginn.

D’Awänn vum Bausseminister huet de Fernand Kartheiser widderluecht, och wann hien den Text eventuell wéilt änneren. Déi Motioun, bei där iwwer de Fong all Mënsch an der Chamber eens ass, ass net ofgewise ginn, mä se gëtt elo an der aussepolitescher Kommissioun analyséiert, ier se virum 1. Juli zur Ofstëmmung kënnt. Eng konstruktiv Diskussioun a gudder Stëmmung.

Deel dëse Post: