Südkongress vun der ADR: Zefriddenheet an Optimismus

Zefridden iwwert d’Nationalwalen an optimistesch fir d’Zukunft – esou léisst sech de Bezierkskongress Süden vun der ADR zu Esch am Restaurant Carpini resuméieren. Zefridden ass d’Partei iwwert d’Resultat vun de Nationalwalen. Zwee voll Sëz huet d’ADR elo am Süden, wou et 2013 nach e Reschtsëtz war, dee si no eisem Walsystem zougestane kritt hat. Den Optimismus gouf am Laf vum Owend vun den Deputéierten Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Jeff Engelen erkläert, déi beim Kongress waren, wéi och de Parteipresident Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning.

National ass d’Zerstriddenheet bei den zwou sougenannte Volleksparteien, wéi si d’ëmstridde Wiel vun hire Parteipresidenten Engel a Fayot weist, ee Grond fir Optimismus. Fir d’Europawale ass et esou, datt d’Ausriichtung vum europäesche Modell, deen de Länner ëmmer méi Souveränitéit wëll ewechhuelen, vun de Wieler ëmmer manner akzeptéiert gëtt. Dësen Optimismus wäert sech an nächster Zäit och am Südbezierk selwer néierschloen: Hei ass geplangt eng weider grouss Sektioun zu Mamer opzemaachen, déi dann d’nërdlech Uertschaften am Kanton Capellen soll ofdecken.

 

Deel dëse Post: