Studente-Boursen: D’Gesetz gëtt ëmmer besser … [Video]

D’Studenteboursen waren Thema an der Chamber den 30. Juni. D’ADR ass mat engem, deem sechste,  Gesetz d’accord, dat un deene Boursen doktert. Dat, well vill Iddien vun enger ADR-Motioun vun 2010 sech am neien Text ërëmfannen. Trotzdem fënnt de Fernand Kartheiser nach Sputt, fir an engem siewente Gesetz nach weider Verbesserungen ze maachen. Hien huet dräi Fuerderungen: Déi éischt Bourse sollt op der Héicht vum leschte Kannergeld sinn, et misst bei der Bourse berücksichtegt ginn, wa méi wéi ee Kand studéiert a Leeschtung bei de Studien misst duerch d’Bourse och unerkannt ginn.

Deel dëse Post: