Ass d’Stroum-versuergung wierklech sécher hei am Land? Wéi sti mir do wa mir mat enger “Dunkelflaute” oder engem Blackout konfrontéiert ginn? An de Strompräis?
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig dem Energie Minister déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weiderzeleeden.
Rezent huet sech déi schweedesch Vize-Premierministerin Ebba Busch ëffentlech beschwéiert iwwer d’Energiepolitik vun Däitschland an den Impakt op hiert Land.
D’Madamm Busch huet ënner anerem gesot: „Es ist schwer für eine industrielle Wirtschaft, sich für ihren Wohlstand auf das Wohlwollen der Wettergötter zu verlassen. Die Abhängigkeit von unsteten Energiequellen wie Wind und Sonne hat sich als Herausforderung erwiesen, wie die letzte Woche gezeigt hat“, a weider „Ohne eine stabile, fossilfreie Grundlast wie die Kernenergie haben Länder wie Deutschland während einer Dunkelflaute erhebliche Auswirkungen auf Preise in Nordeuropa.“
De Problem ass, datt bei enger Dunkelflaute, also wa keng Sonn a kee Wand ass, huet Däitschland dacks net genuch Stroum a muss zeréckgräifen op franséischen Atomstroum. D’Konsequenz ass, datt d’Stroumpräisser an deenen Deeg extrem klammen, och an de Nopeschlänner.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi vill Prozent vum Stroum kënnt aus Däitschland am ganze Joer?
- Wéi staark sinn d’Schwankunge pro Dag vun der däitscher Liwwerung?
- Gesi Dir och zu Lëtzebuerg den Effekt op de Stroumpräis bei enger Dunkelflaute?
- Wat géif hei zu Lëtzebuerg passéiere bei enger Dunkelflaute an Däitschland, wann zur selwechter Zäit Frankräich keen Atomstroum liwwere kéint?
- An dësem Fall, wou Däitschland eventuell net méi genuch Stroum huet, wäer et denkbar, datt si da Lëtzebuerg net méi beliwweren, fir hiert Stroumnetz ze stabiliséieren?
- Wa mir an deem Fall e Blackout hätten, hu mir e Noutplang?
- Géif déi geplangten 380 kV Leitung, déi bis 2029 gebaut soll ginn, eppes änneren?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Députéierten